Benotzer Diskussioun:Neo1988
|
Moien Neo,
ech gesinn, du hues de System vum Eropluede verstanen. Just zwee kleng Commentairen: Wann et e Fichier op "Commons" gëtt, brauch een deen net hei extra op d'lb:-Wiki eropzelueden, de System verlinkt dat automatesch, wann een am Artikel de Link op den Numm vu Commons huet. An allgemeng soll ee méiglechst präzis mat Nimm sinn, fir ze verhënneren, datt en Artikel iertimlech iwwerschriwwe gëtt. "Histo.png" wier theoreetesch esou ee Kandidat.
Vill Spaass nach mam Bréisseler ëffentlechen Transport (a wat soss nach kënnt), ech si gespaant. Zéck net, ze froen, wann eppes net kloer ass, a kuck och ëmmer, iers de d'Rad nei erfënns, wat et an de franséischen, däitschen engleschen oder hollännesche Sproochversioune scho gëtt, da keen ee sech dat bescht eraussichen, fir sech z'inspiréieren.
--Zinneke 12:47, 13. Mee 2009 (UTC)
PS: "Flämesch" ass keng Sprooch, mee d'Bezeechnung vun deenen Dialekten, déi am Norde vun der Belsch geschwat ginn; d'Sprooch heescht "Hollännesch" (Nederlands). A bei Artikelen iwwer Bréissel oder national Belsch Entitéiten (wéi d'Eisebunn) sinn ëmmer déi 2 Sproochvarianten am Artikel z'ernimmen, a mat Redirekten "erëmfannbar" ze maachen.
- Moien,
- @ Zinneke,
- Dat mat dem flämeschen ass e bock deen ech geschoss hunn. Ech ginn et an all d'Artikelen änneren. Les Meloures 13:13, 13. Mee 2009 (UTC)
Moien, kinns de just wegl. bei den eenzele "Spiller"-Joressäiten d'[[Kategoire:Spiller vun de klenge Länner]] mat cut-and-pasten? merci.
Moien,
Kanns de emol bis op dës Säit luusse goen.
Les Meloures 23:47, 27. Dez. 2009 (UTC)
Gudde Moien,
Kleng Info:
Denkt w.e.g. drun fir an der Rei iwwer de Kategorieën {{DEFAULTSORT:Numm}} anzesetzen. Mat Numm ass de Lemma vum Artikel gemengt. Wann de Lemma nëmmen aus engem Wuert besteet an deem keng Ëmlauter sinn brauch den DEFAULTSORT net agesat ze ginn. Bei Persounennimm gëtt de Familljennumm als éischte geschriwwen, an ouni Ëmlauter. bsp: Müller gëtt Muller geschriwwen.
Dat hëlleft fir den Artikel automatesch ze sënneren an ass wichteg wa Schabloune mat agebonnene Kategorieën am Artikel stinn.
Wann dir Hëllef braucht sot w.e.g. engem Administrateur op senger Diskussiounssäit Bescheed.