Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren". Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
Dat geet relativ einfach, wann een den Trick bis eraus huet:
an der "Geschirkëscht", lénks um Bord, op "Eroplueden" klicken;
duerchliesen, wat do steet;
no ënne scrollen. do an der Këscht "Numm vum Originalfichier" d'Bild op Ärem PC sichen ("browse").
dem Bild en Numm ginn, deen eppes ausseet, an deen eendeiteg ass (Also zB "Grenzmaark LB 123 Summer 2008.jpg" an net "DFRE4455gh.jpg" oder just "LB.jpg")
den Text an der Këscht ausfëllen an uginn, wien Auteur ass, wat ze gesinn ass, wéini d'Bild geholl gouf, an, wichteg, wat fir eng Lizenz et huet.
d'Lizenz am Drop-down Menu eraussichen (recommendéiert ass "Creative commons Attribution Share alike", CC-BY-SA)
ofspäicheren.
Dann op d'Säit goen, wou d'Bild hisoll, op "Ännere" klicken, an do den Numm vum Fichier esou uginn: [[Fichier:NummVumFichier.JPG|thumb|Kuerz Beschreiwung]] . Ofspäicheren.
d'Bild dat s D'eropgelueden hues, huet leider misse geläscht ginn, well nëmme Biller, déi explizit vun hirem Auteur als "fräi" deklaréiert goufen (oder deenen hire Copyrght 70 Joer nom Doud vum Auteur ofglaf ass) hei eropgeluede solle ginn. Dat muss genee op der Säit vm Bild novollzéibar gemaach ginn. --Zinneke21:06, 26. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]