Benotzer Diskussioun:SpiriFa

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie SpiriFa,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Moien, Gratulatiounen zu Dengem éischten Artikel iwwer de Jean-Luc Godard. Do war ze soe bal alles wéi et soll sinn. Tipptopp! Just e puer kleng Ännerungen hunn ech gemaach: Déi wichtegst ass, datt ech dat, wat vergaangen ass, och an de Passé ëmgeschriwwen hunn. De Présent wier u sech net falsch, mee 't ass méi eng stilistesch Saach: Och wann a franséische biographeschen Notitzen deee gewéinlech gebraucht gëtt, hale mer eis hei éischter nom engl./dt. Virbild. 2 Mini-Coquillen, déi e puermol virkoumen: "seng" kritt keen Accent-aigu, a "fir" keen "e" (dat soen ech just, well déi Wierder dacks gebraucht ginn).

Mee wéi gesot, den Artikel ass ganz gutt esou, fuer esou virun!

Bescht Gréiss,

--Zinneke 17:54, 26. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Villmools merci! Fir déi Ännerungen sinn ech natirlech och dankbar, an Deng Hiweiser wäert ech mäer fir d'Zukunft aprägen (an hoffen, net a meng al Gewunnechten zeréck ze falen).
Bescht Gréiss,
--SpiriFa 19:12, 26. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]