Beta-Pictoris-Beweegungsgrupp

Vu Wikipedia

D'Beta Pictoris Beweegungsgrupp ass eng jonk Stäregrupp, deen eng kollektiv Beweegung duerch de Raum souwéi och e kollektiven Urspronk hunn. Dës Grupp ass genannt nom Stär Beta Pictoris.

Well dës Grupp déi notst bei eiser Äerd ass, kënnen d'Astronomen hei interessant Ënnersich maachen. De Stär Beta Pictoris ass bekannt, datt hien eng grouss Scheif aus Gas a Stëbs huet déi méiglecherweis eng protoplanetaresch Scheif ass. Et gëtt och Unzeeche vun engem jonke Gasris beim Stär. E fräischwiewende Planéit gëtt et och an der Beweegungsgrupp, PSO J318.5-22.

Bestanddeeler[änneren | Quelltext änneren]

D'Beta Pictoris-Beweegungsgrupp besteet aus 17 Stäresystemer. Och brong Stäre sinn identifizéiert ginn. De Kär vun der Grupp läit 115 Liichtjoer vun der Äerd ewech an huet en duerchschnëttlechen Alter vun 10 an 30 Millioune Joer.

Déi meescht Stären aus der Grupp bestinn aus kille Stäre vun de Spektralklasse K an M. Déi meescht sinn net mat bloussem A ze gesinn. Déi Stären, déi ee gesäit, sinn:

D'Grupp läit an de Stärebiller Eridnus, Lepus, Pictor, Scorpius, Fornax, Troangulum Australe an Telescopium.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie