Triangulum Australe (Stärebild)
Date vum Stärebild Triangulum Australe | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Südlecht Dräieck |
Laténgeschen Numm | Triangulum Australe |
Laténgesche Geenitiv | Trianguli Australis |
Laténgesch Ofkierzung | TrA
|
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 14h 56m bis 17h 13m |
Deklinatioun | -60° 20’ bis -70° 25’ |
Fläch | 110 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 20° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
3 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Trianguli Australis (Atria), 1,91m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Norma Circinus Apus Ara |
De Südlechen Dräieck, laténgesch Triangulum Australe ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Stärebild setzt sech aus dräi helle Stären zesummen. Et ass méi opfälleg wéi säin nërdlecht Géigestéck, d'Triangulum.
Duerch de südlechen Dräieck zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss. Hei fënnt een den opfällegen Oppene Stärekoup NGC 6025.
Vu Mëtteleuropa aus, ass d'Stärebild net ze gesinn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Stärebild gouf fir d'éischt vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman an de Joren 1695–97 vermooss. De Johannes Bayer huet d'Stärebild iwwerholl an a sengem Himmelsatlas Uranometria am Joer 1603 agedroen. Scho 1589 fënnt een d'Stärebild um Himmelsglobus vum Petrus Plancius. Do steet et awer op der Kopp, an eréischt am Joer 1698 fënnt een d'Stärebild richteg gedréit um Globus erëm. Beschriwwe gouf déi Konstellatioun scho 1500 vum spueneschen Navigator Mestre João, an den italieeneschen Entdecker Amerigo Vespucci huet den Dräieck am Joer 1502 op senger Rees beschriwwen, genee wéi och den Andreas Corsali (1512).
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | m | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | Atria | 1,91 | 416 | K2 IIb-IIIa | |
β | Betria | 2,83 | 40 | F2 III | |
γ | Gatria | 2,87 | 183 | A1 V | |
δ | 3,86 | 621 | G5 II | ||
ε | 4,11 | 216 | K0 III | ||
ζ | 4,90 | 39 | F9 V | ||
LP | 5,10 | 626 | Ap | ||
κ | 5,11 | 3000 | G6 VII | ||
HR 6125 | 5,19 | 670 | K0 II/IIICN | ||
ι | 5,28 | 132 | F4 IV | ||
θ | 5,50 | 328 | G8 / K0 III | ||
η | 5,89 |
Den hellste Stär, α Trianguli Australis, ass 416 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht orange an huet d'Spektralklass K2. Hien huet déi néngfach Mass an déi 2.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm „Atria“ ass eng Ofkierzung fir Alpha Trianguli Australe.
Den β Trianguli Australis, den zweethellste Stär am südlechen Dräieck, gehéiert mat enger Distanz vu 40 Liichtjoer zu der enker Ëmgéigend vun eiser Sonn.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Stär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
ι | 5,89 | kuerzperiodesch Verännerlechen | |
R | 6,0 bis 6,8 | 3,4 Deeg | Cepheid |
Den ι Trianguli Australis läit 132 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Et ass e verännerleche Stär vum Typ Gamma-Doradus.
Den R Trianguli Australis ass e pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech reegelméisseg iwwer en Zäitraum vun 3,4 Deeg.
NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | divers | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
5844 | Planetareschen Niwwel | ||||
5979 | Planetareschen Niwwel | ||||
6025 | 5,1 | Oppene Stärekoup | |||
6156 | Galaxie | ||||
IC 4584 | Galaxie | ||||
IC 4585 | Galaxie | ||||
IC 4595 | Galaxie |
Den NGC 6025 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vun 2.700 Liichtjoer. Hien huet ronn 60 Stären, déi méi hell wéi déi 7. Gréissteklass sinn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Triangulum Australe – Biller, Videoen oder Audiodateien |