Biergerdag

Vu Wikipedia

De Biergerdag ass an der Stad Lëtzebuerg den Donneschdeg no Fouersonndeg.

No enger Traditioun, déi bis an d'Joer 1913 zeréckgeet, ass et den Dag op deem d'Stater Bierger op d'Schueberfouer ginn. Ursprénglech war de Biergerdag deen Dag op deem d'Geschäftsleit aus der Stad hiert Personal, dat dräi Deeg virdru gutt op der Braderie geschafft hat, op en Iessen an e puer flott Stonnen op d'Fouer invitéiert hunn[1].

No engem anere Brauch gouf och Léiffrawëschdag „Biergerdag” genannt. Et war dee Feierdag op deem d'Stater Leit en Ausfluch an d'Natur gemaacht hunn[2],[3].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Über 100-jährige Rummel-Tradition op journal.lu den 3. September 2015
  2. "Biergerdgag" am LWB Luxemburger Wörterbuch
  3. Lokalchronik” am Luxemburger Wort vum 11. Mee 1934, S. 5