Blobrëschtchen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Blobrëschtchen
E Blobrëschtchen (Ënneraart Luscinia svecica cyanecula)
E Blobrëschtchen (Ënneraart Luscinia svecica cyanecula)
Aner Sproochen: de: Blaukehlchen
fr: Gorgebleue à miroir
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Ënnerklass Passerae
Uerdnung: Sangvullen
Famill: Muscicapidae
Ënnerfamill: Saxicolinae
Gattung: Luscinia
Wëssenschaftlechen Numm
Luscinia svecica
Carl von Linné, 1758

D'Blobrëschtchen (Luscinia svecica) ass eng Sangvullenaart aus der Famill vun de Muscicapidae. Se huet hiren Numm wéinst der opfälleger bloer Faarf, déi d'Männercher am Hochzäitskleed vun der Strass bis op d'Broscht hunn. Déi 10 Ënneraarten ginn agedeelt, jee nodeem ob s'um bloe Fong an der Mëtt e wäissen, e rouden, oder guer kee Fleck hunn. An Europa liewen 3 Ënneraarten; déi mam wäisse Fleck éischter am Westen an an der Mëtt, déi mam rouden am Osten.

D'Blobrëschtche lieft a fiichte Biotope mat Traisch oder Lëtschen a frësst haaptsächlech Insekten. Se kënnt a groussen Deeler vun der Palearktis vir, sou wéi och déi aner Säit vun der Beringstrooss an engem Deel vun Nordalaska. An Europa ass se just op vereenzelte Plazen ze fannen, wou hire Liewensraum nach onberéiert ass.

D'Blobrëschtchen ass en Zuchvull. Déi Europäesch Blobrëschtercher iwwerwanteren a Südspuenien, Nordafrika, südlech vun der Sahara an a Südasien. Déi mam wäissse Punkt fléien éischter méi kuerz Strecken, iwwerdeems déi mam roude Punkt laang Distanzen zréckeeën.

D'Blobrëschtchen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Blobrëschtercher zu Lëtzebuerg si meeschtens där mat engem wäisse Fleck um Hals.

Uganks vum 20. Joerhonnert gouf fir d'éischt Kéier eng Blobrëschtchen am Land entdeckt. Zanterhir konnt awer keng eenzeg Koppel observéiert ginn, déi Jonker opzille géif. De Villchen huet schonn am Land als ausgestuerwe gegollt, ma 2017 gouf nees d'Presenz vun engem Männche festegestallt.

2018 gouf d'Blobrëschtchen zu Lëtzebuerg zum Vull vum Joer ernannt.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Egon Schmidt: Das Blaukehlchen. 3. Auflage. Lutherstadt Wittenberg 1988 (Die neue Brehm-Bücherei Nr. 426)
  • T. Krüger: Verbreitung, Bestand und Habitatwahl des Blaukehlchens (Luscinia svecica cyanecula) in Niedersachsen 2001: Ergebnisse einer landesweiten Erfassung. In: Vogelkundliche Berichte Niedersachsen, 34, S. 1–21, 2002

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luscinia svecica – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Broschür 'Schoul an Natur'.