Fanfare municipale Luxembourg-Bonnevoie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bouneweger Musek)
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi éischt bekannt Foto vun der Bouneweger Musek (1903)

D'Fanfare municipale Luxembourg-Bonnevoie a.s.b.l. ass eng Fanfare, déi sech aus Holzbléiser (Saxophonen), Blechbléiser a Perkussioun zesummesetzt. Donieft existéiert och eng Jugendmusek, d'Fanfare Prince-Henri. D'FMLB ass ë Veräin ouni Gewënnzwéck (a.s.b.l.), dee bei der Union Grand-Duc Adolphe affiliéiert ass.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

D'Fanfare gouf offiziell de 5. Oktober 1898 op Initiativ vum Franz Birnbaum, dem spéidere President, dem Theo Goerens (Caissier) an dem Jacques Huberty (Member) gegrënnt, an huet sech am Ufank gréisstendeels aus Aarbechter aus der Schampeskellerei Mercier a Membere vun der deemoleger Harmonie "Champagne Mercier" zesumme gestallt.

Hiren éischte Concert huet d'Bouneweger Fanfare de 5. Februar 1899 zu Bouneweg am Bistrot "Lakaff-Hentges" gespillt. Ënner hirem offiziellen Numm "Fanfare de Bonnevoie" huet d'Bouneweger Fanfare dunn hir éischt Concoursen op nationalem, wéi och op internationalem Plang an Ugrëff geholl.

Als éischt Musek an der Gemeng Lëtzebuerg, huet déi Bouneweger Fanfare sech 1931 Uniformen zougeluecht wat fir déi deemoleg Verhältnesser e sériöse finanziellen Exploit war. 1956 gouf der Bouneweger Fanfare hir "Clique" gegrënnt,eng Perkussiounsformatioun, déi deemools eemoleg zu Lëtzebuerg war. Mat där Formatioun konnt déi Bouneweger Fanfare op verschidde Concoursen erfollegräich deelhuelen an huet 1962 als éischt Lëtzebuerger Musek zwéi Präisser op der Weltmeeschterschaft vun den Harmonien a Fanfaren zu Kerkrade an Holland gewonnen.

Well déi Bouneweger Fanfare ëmmer no Nowues an hire Reie gesicht huet, gouf 1966 vum Nicolas Henx der Musek hir eege Museksschoul gegrënnt an huet bis haut e puer honnert Schüler ënnerriicht.

Déi rezentest Aktivitéit um internationale Plang war eng zweet Participatioun bei der Weltmeeschterschaft vun den Harmonien a Fanfaren zu Kerkrade an der éischter Divisioun de 15. Juli 2005.

Dirigenten[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Weis
  • Nicolas Hansen
  • Nicolas Weyrich
  • Jos Kieffer
  • 19xx - 1936: Auguste Tossberg
  • 1936 - 1938: Nicky Mandres
  • 1938 - 1946: Roby Henx
  • 1947 - 1950: René Hemmer
  • 1950 - 1956: Jos Schmitt
  • 1956 - 1976: Nicolas Henx
  • 1976 - 1978: André Baus
  • 1978 - 1986: Camille Kerger
  • 1986 - 1988: Marco Battistella
  • 1989 - 1997: Nico Eich
  • 1997 - 2014: Claude Weber
  • 2014 -: Romain Kerschen

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Traditionell Aktivitéite vun der Fanfare sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]