Brudder Cadfael

Vu Wikipedia
Brudder Cadfael
Ass en(g) Televisiounsfigur, literaresch Figur
Geschlecht männlech
Gebuer 1080 jul.
Aktivitéit Zaldot, Detektiv
Universum
Present am Cadfael

De Brudder Cadfael ass den Detektiv an enger Serie vu Kriminalgeschichten, déi vun der englescher Schrëftstellerin Edith Pargeter ënner dem Numm Ellis Peters geschriwwe si ginn. D'Geschichte spillen an de Jore vun 1120 bis 1145.

De Cadfael ass e Benediktiner-Brudder, dee sech an der Abtei Shrewsbury zu Shrewsbury am Shropshire an England ëm d'Heelkraider an d'Medezin këmmert.

D'Liewe vum Brudder Cadfael virum Klouschter[änneren | Quelltext änneren]

De Cadfael ap Meilyr ap Dafydd ass 1080 bei Trefriw am Gwynedd (Wales) gebuer. No enger Léier bei engem Wollhändler zu Shrewsbury geet hie vun do fort. E gëtt Zaldot an der Arméi vum Robert vun der Normandie. Duerno mécht e beim Kräizzuch vum Gottfried vu Bouillon mat, dee mat senger Arméi am Joer 1099 Jerusalem eruewert. Vun 1103 un ass e Matrous op engem Schëff. 1113 geet en zeréck an England, fir gläich drop erëm Zaldot an der Normandie ze ginn. 1120 am Alter vu 40 Joer ass de Cadfael erëm an England. An der Kierch zu Woodstock begéint hien den Abt Heribert aus dem Klouschter vun den hellege Péiter a Pol vu Shrewsbury. Dorop decidéiert hien, säi Liewen als Zaldot opzeginn, an e begleet den Abt Heribert an d'Abtei vu Shrewsbury fir do Brudder ze ginn.

Bicher iwwer de Brudder Cadfael[änneren | Quelltext änneren]

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  1. A Morbid Taste for Bones (1977) (de Roman spillt sech am Mee 1137 of)
  2. One Corpse Too Many (1979) (de Roman spillt sech am August 1138 of)
  3. Monk's Hood (1980) (de Roman spillt sech am Dezember 1138 of)
  4. Saint Peter's Fair (1981) (de Roman spillt sech am August 1139 of)
  5. The Leper of Saint Giles (1981)(de Roman spillt sech am Oktober 1139 of)
  6. The Virgin in the Ice (1982)(de Roman spillt sech am November a Dezember 1139 of)
  7. The Sanctuary Sparrow (1983)(de Roman spillt sech am Abrëll 1140 of)
  8. The Devil's Novice (1983)(de Roman spillt sech am September 1140 of)
  9. Dead Man's Ransom (1984)(de Roman spillt sech am Februar a Mäerz 1141 of)
  10. The Pilgrim of Hate (1984)(de Roman spillt sech am Juni 1141 of)
  11. An Excellent Mystery (1985)(de Roman spillt sech am August 1141 of)
  12. The Raven in the Foregate (1986)(de Roman spillt sech am Dezember 1141 of)
  13. The Rose Rent (1986)(de Roman spillt sech am Mee 1142 of)
  14. The Hermit of Eyton Forest (1988)(de Roman spillt sech am Oktober 1142 of)
  15. The Confession of Brother Haluin (1988)(de Roman spillt sech am Mäerz 1143 of)
  16. The Heretic's Apprentice (1990)(de Roman spillt sech am Juni 1143 of)
  17. The Potter's Field (1990)(de Roman spillt sech am Oktober 1143 of)
  18. The Summer of the Danes (1991)(de Roman spillt sech am Mee 1144 of)
  19. The Holy Thief (1992)(de Roman spillt sech am Februar 1145 of)
  20. Brother Cadfael's Penance (1994)(de Roman spillt sech am November 1145 of)

Kuerzgeschichten[änneren | Quelltext änneren]

  • A Rare Benedictine (1988)
    • "A Light on the Road to Woodstock" (d'Geschicht spillt sech am November 1120 of)
    • "The Price of Light" (d'Geschicht spillt sech am Dezember 1135 of)
    • "Eye Witness" (d'Geschicht spillt sech am Februar 1140 of)

Televisiounsfilmer (mam Sir Derek Jacobi als Cadfael) (1994-1998)[änneren | Quelltext änneren]

  • Series I:
    • The Sanctuary Sparrow
    • Monk's Hood
    • The Leper of Saint Giles
    • One Corpse Too Many
  • Series II:
    • Saint Peter's Fair
    • The Virgin in the Ice
    • The Devil's Novice
  • Series III:
    • A Morbid Taste for Bones
    • The Rose Rent
    • The Raven in the Foregate
  • Series IV:
    • The Pilgrim of Hate
    • The Holy Thief
    • The Potter's Field

Televisiounsserie ass ënner dem Num Cadfael gelaf.

Geschichten um Radio (BBC Radio 4)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2 --- One Corpse Too Many
  • 3 --- Monk's Hood
  • 6 --- The Virgin in the Ice
  • 9 --- Dead Man's Ransom

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]