Schlass Klierf

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Buerg Klierf)
Schlass Klierf
D'Schlass zu Klierf (2010)
Typ Buerg,
Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Klierf
Plaz Klierf
Koordinaten 50°3'15,876"N, 6°1'48,324"O
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Statut Klasséiert Monument
Den Agank an d'Schlass
De Sherman Tanks am Haff vum Schlass

D'Klierfer Schlass, och nach d'Klierfer Buerg, ass e Schlass aus dem 12. Joerhonnert zu Klierf. Haut ass et de Sëtz vun der Klierfer Gemengeverwaltung. Do dernieft sinn am Schlass och nach de Musée vun der Ardenneschluecht an d'Fotoausstellung The Family of Man[1].

D'Schlass gouf am Zweete Weltkrich zerstéiert an duerno nees opgebaut.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass gouf op engem Fielsvirspronk, der sougenannter Lee (oder Lay), gebaut; wéini fir d'éischt, ass net bekannt. Am 12. Joerhonnert gouf deen eelsten Deel vum haitege Schlass, de westleche Fligel mam Härenhaus vum Grof Gérard vu Sponheim, engem Brudder vum Grof vu Veianen, gebaut.

Am Ufank vum 15. Joerhonnert gouf d'Buerg ënner der Famill vu Branebuerg staark ausgebaut. Op der Südsäit gouf de burgundeschen Tuerm gebaut, an e bësse méi spéit weider Wunnraim a Kelleren, an och de sougenannten Hexentuerm. 1634 huet de Claude de Lannoy d'Eltz Ställ a kleng Wunnraim op der Nordsäit ofrappen an duerch grouss Receptiounsraim, dorënner de Rittersall am flämesch-spuenesche Stil ersetze gelooss.

1659 goufen am éischte Schlasshaff, ënner dem Albert Eugène de Lannoy, an d'Plaz vun enger aler Kierch, Wirtschaftsgebaier, Scheieren a Ställ gebaut, a 1671 virun der Entrée e Portiershaischen. 1721 gouf lénks nieft dem Hexentuerm e Päerdsstall ugeluecht.

1887 huet de Grof d'Gebaier vu 1659 ofrappen a mat de Steng dovun, vis-à-vis am Park, en herrschaftlecht Haus baue gelooss, an deem fréier den Hôtel du Parc war.

1927 huet e Privatmann d'Buerg kaaft. Déi ass den 19. Dezember 1944 an der Ardennenoffensiv bis op d'Mauere verbrannt[1]. De Lëtzebuerger Staat huet se nom Krich opkaaft a restauréiere gelooss.

D'Schlass a säi Site sinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument agedroen[2].

D'Buerg haut[änneren | Quelltext änneren]

Haut sinn an der Buerg 3 permanent Ausstellungen ze gesinn:

Am éischten Haff ass eng 43er Pak an e Sherman-Tanks ausgestallt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Presentatioun vum Schlass op visitluxembourg.com (gekuckt den 22. August 2019)
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).