Buerfelt
Buerfelt Burfelt | |
---|---|
Vue op de Buerfelt aus der Loft (1991). | |
An anere Sproochen |
fr: Burfelt Bourgfried de: Burgfried |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Esch-Sauer |
Buergermeeschter | Laurent Hilger |
Koordinaten |
49° 54’ 00’’ N 05° 51’ 26’’ O |
De Buerfelt (lokal: Burfelt[1]), och alt Buergfrid, ass e Lieu-dit[1] an en Haff an der Gemeng Esch-Sauer.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm "Buergfrid" gouf eng éischt Kéier 1252 ernimmt. Den Numm soll entweeder schonn op d'Mëttelalter zeréckgoen, wou d'Meeschtere vun Esch-Sauer hire "Buergfridden" reegelméisseg erneiert hunn, oder op d'Joer 1695, wou d'Schlass- a Buerghären aus der Ëmgéigend e Verdeedegungs- an Hëllefsbond géint friem Truppen, déi doruechter marodéiert hunn, ofgeschloss sollen hunn.
Den Haff ass aus dem 18. Joerhonnert. Wéi de Stauséi gebaut gouf, huet de Bauerebetrib opgehalen, well e groussen Deel vun de Lännereien iwwerschwemmt gouf. 1974 huet de Lëtzebuerger Staat den Haff opkaaft an doran e Verwaltungszentrum vun der Administration des eaux et forêts installéiert. 1978 koum eng 6 ha grouss Bamschoul bäi, an 1993 gouf e Bëschentdeckungszentrum ageriicht.
Buergfrid-Affär
[änneren | Quelltext änneren]1969 war dës ofgeleeë Plaz (deemools "Buurgfried" oder "Bourgfried" geschriwwen) Mëttel- an Ausgangspunkt vun der sougenannter Buergfrid-Affär, déi jorelaang héich Welle geschloen huet, an déi der Ministesch Madeleine Frieden-Kinnen hiert Amt kascht huet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buergfrid-Affär.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Fir nozeliesen
[änneren | Quelltext änneren]- Burfelt. Das Waldentdeckungszentrum. Hg.: Forstamt Wiltz, 2000.(Dépliant).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Buerfelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.