Cécile Wagner

Vu Wikipedia
Cécile Wagner
Gebuer 4. September 1911
Diddeleng
Gestuerwen 14. Februar 2005
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Fraerechtler


D'Cécile Wagner, gebuer de 4. September 1911 zu Diddeleng a gestuerwen de 14. Februar 2005 war eng lëtzebuergesch Fraerechtlerin an LSAP-Politikerin.

1965 gouf d'Cécile Wagner Presidentin vum Foyer de la femme a vum Office social vun der Gemeng Diddeleng. Si huet an den 1960er-Joren um Treffe vun der sozialistescher Fraeninternationaler deelgeholl. 1969 setzt si sech bei de Gemengewalen eng éischt Kéier fir d'LSAP zu Diddeleng op a gëtt an de Gemengerot gewielt. Tëscht 1970 an 1975 war si déi éischt weiblech Conseillère zu Diddeleng.

Si huet sech och bei de Femmes socialistes engagéiert a war am Comité vum Foyer de la femme.

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Place Cécile Biever-Wagner an Erënnerung un d'Cécile Wagner[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur