Cézembre

Vu Wikipedia
Cézembre

Cézembre, vun der Chaussée du Sillon aus gesinn
Geographie
Land Frankräich
Läit an/am Äermelkanal (Atlantik)
Koordinaten: 43° 40’ 37’’ N
      02° 04’ 17’’ W
Fläch 18 ha
Verwaltung
Verwaltungseenheet Bretagne, Ille-et-Vilaine
Demographie
Awunnerzuel net bewunnt (zanter 1945)
center}}}

Cézembre ass eng Insel nërdlech vu Saint-Malo (Ille-et-Vilaine). Si ass ronn 18 ha grouss, mat enger Längt vu 750 Meter, an enger Breet vun 300 Meter. D'Insel ass net bewunnt, a läit ronn 3.800 Meter an d'Mier eran.

Op der Südküst vun der Insel vis-à-vis vu Saint-Malo ass eng Plage mat réngem Sand. Déi aner dräi Säiten hu géi Fielsen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op der Insel déi bis am 15. Joerhonnert mat dem Festland verbonne war hunn am Laf vun der Zäit Klausner gewunnt, an et gouf och e Klouschter dat vun de Knuedlerpatere gebaut gouf, e spéider vu Rekollektepateren iwwerholl gouf.

Am 17. Joerhonnert gouf d'Insel vum Vauban als Festung ausgebaut, a gouf duerno als Quarantainestatioun benotzt.

Am Éischte Weltkrich hat d'belsch Arméi op der Insel e Stroflager ageriicht.

Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Napalmbommen (August 1944).

Vun 1942 un, huet déi däitsch Arméi d'Insel staark befestegt.

Cézembre an dem 31. August 1944.

No der Landung vun den Alliéierten Truppen an der Normandie huet déi däitsch Besatzung den Ugrëff vum August 1944 bis an de September duergehalen a huet sech eréischt den 1. September 1944 no staarke Bombardementer erginn. Den 31. August nomëttes waren 200 Fligeren eng decisiv Attack géint Insel geflunn an haten 2.400 Bommen, dorënner och Napalmbommen erofgehäit. Am Ganze waren tëscht dem 28. August an dem 1. September eng ronn 19.700 Bommen op d'Insel gehäit ginn.

Zanter dem 5. November 1945 steet d'Insel um Inventaire vun de Sites classés.

Cézembre haut[änneren | Quelltext änneren]

Op der Insel ass just d'Plage fir de Public fräi. Se ka mat Navetten, déi an der Cale de Dinan zu Saint-Malo fortfueren, erreecht ginn. De Rescht vun der Insel ass gespaart, haaptsächlech well se ni ganz deminéiert gouf.

Duerch déi intensiv Bombardementer ass de Relief vun der Insel staark deforméiert ginn, an d'Vegetatioun gouf duerch de Napalm zerstéiert, soudatt en elo op der Insel praktesch nëmmen eng Ruderalvegetatioun fënnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]