C/2009 R1 (McNaught)
Ausgesinn
| C/2009 R1 (McNaught) | |
|---|---|
| Orbittyp | hyperbel, aperiodesch |
| Numeresch Exzentrizitéit | 1,0004 |
| Perihel | 0,405 AE |
| Bunnschréi | 77,0 Grad |
| Perihelduerchgank | 3. Juli 2010 |
| Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
| Geschicht | |
| Entdecker Robert McNaught | |
| Entdeckungsdatum | 9. September 2009 |
| Aner Bezeechnungen | - |
Den C/2009 R1 (McNaught) ass den 51. Koméit[1] mat dem Numm McNaught.
Hie gouf den 9. September 2009 vum brittesch-australeschen Astronom Robert H. McNaught mat dem Uppsala Southern Schmidt Telescope um Siding Spring Observatoire an Australien entdeckt[1]. Säi Perihel hat den C/2009 R1 den 3. Juli 2010 duerchlaf. Am Juni 2010 hat de Koméit eng Hellegkeet vu ronn 5 mag a war domat a liichtaarme Gebidder schonn mat bloussem A ze gesinn[2]. Déi gréng Koma ëm säi Kär ass mat der Presenz vun Dicyan a Kuelestoff (C2) z'erklären, de bloe Schäin a sengem Schwäif duerch Kuelestoffmonoxid- a Kuelestoffdioxid-Ionen[3].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- 1 2 Sterne und Weltraum; 06/2010
- ↑ http://cometography.com/lcomets/2009r1.html
- ↑ Sky and Telescope. New Track Media. http://www.skyandtelescope.com/observing/highlights/94277259.html.