Camauro

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Poopst Clemens IX. mat enger Camauro
De Benoît XVI huet d'Mutz nees zu Éiere bruecht

Camauro heescht eng rout samete Mutz mat engem wäisse Bord aus (Hermelin-)Pelz déi zanter dem Mëttelalter vun de Peepst baussent der Liturgie gedroe gouf, net zoulescht géint d'Keelt. Bis 2005 war de Johannes XXIII. de leschte Poopst deen eng Camauro gedroen huet.

Den Numm ass eng italienesch Variant vum laténgesche camelaucun, dat sengersäits vum griichesche kamelaùchion hirkënnt, wat Berri aus Kaméillieder heescht. Am mëttelalterleche Latäin housch déi Mutz Camauru(m).

Den 21. Dezember 2005 huet de Benoît XVI. se nees ugedoen. D'Associatioun mam Weihnachtsmann, déi sech sou kuerz viru Chrëschtdag opdrängt, däerft - aus wéi enge Grënn och ëmmer - net ongewollt gewiescht sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Camauro – Biller, Videoen oder Audiodateien