Camponotus werthi

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Camponotus werthi
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Hexapoda
Uerdnung: Hymenoptera
Ënneruerdnung: Apocrita
Famill: Formicidae
Gattung: Camponotus
Wëssenschaftlechen Numm
Camponotus werthi
Forel, 1908

Camponotus werthi ass eng Insektenaart aus der Gattung Camponotus an der Famill vun de Seechomessen (Formicidae)[1],[2].

D'Aart ass op der Haaptinsel vum subantarktesche Kerguelen-Archipel (Franséisch Süd- an Antarktisgebidder) endeemesch. D'Camponotus werthi ass déi eenzeg Seechomessenaart am antarkteschen a subantarkteschen Naturgebitt[3].

D'Insekt ass ronn 5 mm laang. De Kierper ass schwaarz mat rare Buuschten. D'Antenne sinn donkelbrong. D'Bee si brongelzeg, de Kapp an den Abdomen si glat a blénkeg[4].

Se gouf 1908 vum Schwäizer Dokter a Biolog Auguste-Henri Forel beschriwwen[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 https://www.itis.gov/servlet/SingleRpt/SingleRpt?search_topic=TSN&search_value=576536#null
  2. McArthur, A. J. A key to Camponotus Mayr of Australia (англ.) // Memoirs of the American Entomological Institute. — 2007. — Vol. 80. — P. 290—351.
  3. Forel A. Fourmis de Ceylan et d'Égypte récoltées par le Prof. E. Bugnion. Lasius carniolicus. Fourmis de Kerguelen. Pseudandrie? Strongylognathus testaceus // Bull. Soc. Vaudoise Sci. Nat. — 1908. — Vol. 44. — P. 1-22
  4. Karavaiev, V. 1931a [1930]. Myrmekologische Fragmente, III. Zool. Anz. 92: 309—317