Carlos Gardel

Vu Wikipedia
Carlos Gardel
Gebuertsnumm Charles Romuald Gardes (hipótesis francesista); Carlos Gardel (hipótesis uruguayista)
Gebuer 11. Dezember 1890
Toulouse
Gestuerwen 24. Juni 1935
Medellín
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit Argentinien, Uruguay, Frankräich
Aktivitéit Sänger, Schauspiller, Komponist, Liddermécher

De Carlos Gardel, (Charles Romuald Gardés), gebuer den 11. Dezember 1890 Toulouse a gestuerwen de 24. Juni 1935 zu Medellín a Kolumbien war Tangosänger a Komponist. Hie gouf och nach Kinnek vum Tango genannt.

1893 ass hie mat senger Mamm op Buenos Aires geplënnert. Seng Kandheet war haart, mä hien huet direkt seng Leidenschaft fir d'Musek entdeckt.

1902 gouf hien am La Victoria Theater, wou hien an de Kulisse geschafft huet, vum italieeneschen Tenor Titta Ruffo héieren, deen him du beim Ausbilde vu senger Stëmm gehollef huet.

1913 huet hien zesumme mam Sänger José Razzano, dee seng Leift zum Tango mat him gedeelt huet, ugefaangen am Duo ze sangen. Den Erfolleg huet net laang op sech waarde gelooss a si haten Optrëtter zu Roum, Madrid a Paräis.

No 15 Joer huet de Razzano sech aus gesondheetleche Grënn missen zeréckzéien, mä de Gardel huet eleng weidergemaach a sou gouf hien de Rey del Tango.

Zesumme mat sengem laangjärege Mataarbechter, dem Poet a Journalist Alfredo la Pera, huet de Gardel vill klassesch Tangoe geschriwwen, awer och Folklore, Foxtrott an traditionell franséisch Lidder.

Seng bekanntst Stécker sinn: A media luz, Mano a Mano a Caminito.

De 24. Juni 1935 ass de Gardel zesumme mam Le Pera bei engem Fligeraccident zu Medellín a Kolumbien ëm d'Liewe komm.

Am September 2003 goufen d'Originaltounopname vum Gardel senge Lidder an d'UNESCO-Gediechtnes vun der Welt-Lëscht opgeholl.

Tangoen, déi de Gardel gesongen huet (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Desdén (1930)
  • Tomo y obligo (1931)
  • Lejana tierra mía (1932)
  • Silencio (1932)
  • Amores de estudiante (1933)
  • Golondrina (1933)
  • Melodía de arrabal (1933)
  • Guitarra guitarra mía (1933)
  • Cuesta abajo (1934)
  • Mi Buenos Aires querido (1934)
  • Soledad (1934)
  • Volver (1934)
  • Por una cabeza (1935)
  • Sus ojos se cerraron (1935)
  • Volvió una noche (1935)
  • El día que me quieras (1935)

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Argentinien

Frankräich

USA

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]