Catherine vu Siena

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Helleger Catherine vu Siena. Fir aner Helleger déi Catherine heeschen, kuckt wgl. Helleg Catherine.
Catherine vu Siena
Gebuertsnumm Caterina di Jacopo di Benincasa
Gebuer 25. Mäerz 1347 jul.
Siena
Gestuerwen 29. Abrëll 1380 jul.
Roum
Doudesursaach Hiereschlag
Aktivitéit Kathoulesch Nonn, Politiker, Philosoph, Diplomat, Schrëftsteller

D'helleg Catherine vu Siena, gebuer de 25. Mäerz 1347 zu Siena, gestuerwen den 29. Abrëll 1380 zu Roum, ass eng chrëschtlech Helleg a Mystikerin. Hiert Fest ass den 29. Abrëll.

Libro della divina dottrina, c. 1475

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Catherine gouf als e Kand vun der adleger Famill Benincasa gebuer. De Poopst huet zu där Zäit zu Avignon residéiert. Mat sechs oder siwe Joer hat si hir éischt Visioun, an där si angeblech de Jesus zesumme mat den Apostele Péitrus, Paulus a Johannes gesinn huet. Nach als jonkt Meedchen huet si versprach, fir ëmmer eng Jongfra ze bleiwen. Wéi hir Eltere si mat 12 Joer engem Mann versprieche wollten, huet si sech geweigert, hien ze bestueden.

1363, mat 16 Joer, ass d'Catherine engem Dominikaneruerde bäigetrueden, erëm géint de Wëlle vun hiren Elteren. Si huet am Gebiet zeréckgezu gelieft, bis eng nei Visioun hir kloer gemaach huet, datt si sech an den Déngscht vun den Aarme stellen a Kranker fleege sollt. Ausserdeem huet si ugefaangen, ëffentlech zu Froen, déi d'Kierchepolitik ugoungen, hir (dacks kritesch) Meenung ze soen, wat zu där Zäit virun allem fir Fraen ongewéinlech war. A Bréiwer un héichgestallt Perséinlechkeeten huet si fir eng grëndlech Reform vun der Kierch plädéiert. 1374 gouf si dowéinst virun eng Versammlung vu wichtege Representante vun hirem Uerden zitéiert, dann awer fräigesprach. Vun do un huet si am Optrag vun der Kierch däerfe reesen a priedegen.

Hir Renommee huet sech séier verbreet a vill Leit hu si ëm Rot gefrot, souguer de Poopst selwer. 1376 ass d'Catherine op Avignon gereest, fir den deemolege Poopst Gregor XI. z'iwwerzeegen, zeréck op Roum ze kommen. Wärend dem grousse Schisma huet si sech fir d'Eenheet vun der Kierch agesat.

Den 29. Abrëll 1380 ass si mat 33 Joer gestuerwen. Si gouf an der Dominikanerkierch Santa Maria sopra Minerva zu Roum begruewen.

1461 gouf d'Catherine vu Siena vum Poopst Pius II. helleggesprach an 1939 vum Pius XII. zur Patréinesch vun Italien ernannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]