Charles Reichling

Vu Wikipedia
Charles Reichling
Gebuer 5. September 1922
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 26. Dezember 1980
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg


De Charles (Charles Marie Eugène Jean Pierre Victor) Reichling, gebuer de 5. September 1922 zu Esch-Uelzecht an och do gestuerwen de 26. Dezember 1980[1][2], war e lëtzebuergeschen Diplomat an en iwwerzeegten Europäer.

Hie war Cabinetschef vum Albert Wehrer, deem éischte Member vun der Héijer Autoritéit vun der CECA an huet an där Funktioun 1952 e wichtege Bäitrag bei der Installatioun zu Lëtzebuerg vun den Organer vun der CECA geleescht. A senger Untrëttsried, den 10. August 1952 am Stater Cercle, huet de Jean Monnet d'Merite vum Charles Reichling fir d'Installatioun vun der CECA unerkennend ervirgehuewen.

Hie war deen éischten an eenzege Lëtzebuerger Directeur général des Communautés européennes.

No 20 Joer bei den Europäesche Communautéiten ass hien nees als Generalsekretär an den Ausseministère zeréckgaange wou hie bis zu sengem Doud am Alter vun 58 Joer bliwwen ass.

De Charles Reichling war och Lëtzebuerger Vertrieder beim Hellege Stull. De 14. Dezember 1979 huet hien dem deemolege Poopst Jean-Paul II. säi Beglaubegungsschreiwen iwwerreecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Empfangsried vum Poopst Jean-Paul II

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 324 vum 5. September 1922 vun Esch-Uelzecht
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Dezember 1980