Charles III. vum Vereenegte Kinnekräich

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Charles vu Wales)
Charles III. vum Vereenegte Kinnekräich
Titelen
Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich
Zäit zanter dem 8. September 2022
Virgänger Elizabeth II.
Biographie
Gebuer 14. November 1948
Bestuet mat Kinnigin Camilla
Papp Philip Mountbatten
Mamm Elizabeth II.
Geschwëster Anne, Andrew vu York, Edward vu Wessex
Kanner William vu Cambridge, Prënz Harry vu Wales

Den Charles Philip Arthur George, gebuer de 14. November 1948 am Buckingham Palace zu London, ass zanter dem 8. September 2022 als Charles III. Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich. Hien ass deen eelste Jong vun der verstuerwener brittescher Kinnigin Elizabeth II. an hirem Mann dem Prënz Philip. Wéi all d'Kanner vun dëser Koppel huet en als Familljenumm "Mountbatten-Windsor", a kënnt vu sengem Papp senger Säit hier aus der griichescher Linn vum Haus Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg, enger Niewelinn vum Haus Oldenburg an ass domat Famill mat den aktuelle Monarche Margrethe II. vun Dänemark an Harald V. vun Norwegen.

Nodeems e vun der Press jorelaang mat en ettleche Fraen a Verbindung bruecht gouf (dorënner och d'Marie-Astrid vu Lëtzebuerg) huet hien den 29. Juli 1981 d'Lady Diana Spencer, bestuet. Si kruten zwee Kanner: den 21. Juni 1982 de Prënz William an de 15. September 1984 de Prënz Harry. De Stot war vun Ufank u kee glécklechen, béid haten Affären, an e gouf, nodeems dës laang an der Ëffentlechkeet breetgetrëppelt gi waren, den 28. August 1996 gescheet. D'Diana ass den 31. August 1997, zesumme mat hirem neie Frënd, dem Dodi Al-Fayed, bei engem Autosaccident zu Paräis leie bliwwen.

Den 9. Abrëll 2005 huet de Prënz Charles seng Frëndin vun zanter Laangem, d'Camilla Rosemary Shand, gescheet Parker Bowles bestuet.

De 6. Mee 2023 war seng offiziell Kréinungszeremonie zum Kinnek.

Hien ass Member oder huet de Patronnage vun enger ganzer Rëtsch wëssenschaftlechen, politeschen a kulturellen Organisatiounen, dorënner de Prince's Trust. Hien ass och Éierekommandant vu militäreschen Unitéite vu Groussbritannien a vum Commonwealth.

Hien intresséiert sech staark fir Architektur an Urbanismus an huet sech dozou dacks geäussert, besonnesch, fir seng Desapprobatioun zu verschiddene Forme vu moderner Architektur auszedrécken. Hien ass och e Fërderer vun der ekologescher Landwirtschaft a setzt sech fir de Schutz vun de Reebëscher an. Zu all deenen Theemen huet hien och Bicher an Artikele publizéiert.

Kompletten Titel als Prënz[änneren | Quelltext änneren]

Säi kompletten Titel ass His Royal Highness The Prince Charles Philip Arthur George, Prince of Wales, Duke of Cornwall and Earl of Chester, Duke of Rothesay, Earl of Carrick, Baron of Renfrew, Lord of the Isles, Prince and Great Steward of Scotland, Knight Companion of the Most Noble Order of the Garter, Knight of the Most Ancient and Most Noble Order of the Thistle, Great Master and First and Principal Knight Grand Cross of the Most Honourable Order of the Bath, Member of the Order of Merit, Knight of the Order of Australia, Companion of the Queen's Service Order, Member of Her Majesty's Most Honourable Privy Council, Aide-de-camp to Her Majesty

Dëst an dat[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng rar Fräschenaart aus dem Ecuador krut 2012 den Numm Hyloscirtus princecharlesi.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1990: HRH The Prince of Wales: Die Zukunft unserer Städte – Eine ganz persönliche Auseinandersetzung mit der modernen Architektur, Heyne Verlag, München 1990, ISBN 3-453-04365-0
  • 1993: Charles, Prinz von Wales: Der alte Mann von Lochnagar, Olaf Hille Buchverlag, Hamburg 1993, ISBN 3-929174-11-1
  • 1995: HRH The Prince of Wales: Prince Charles · Aquarelle, Eulen Verlag, Freiburg 1995, ISBN 3-89102-309-X
  • 2010: The Prince of Wales mit Tony Juniper und Ian Skelly: Harmonie – Eine neue Sicht unserer Welt, Riemann Verlag, München 2010, ISBN 978-3-570-50129-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles III of the United Kingdom – Biller, Videoen oder Audiodateien