Claude Schlim

Vu Wikipedia
Claude Schlim
Gebuer 1982
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

De Claude Schlim, gebuer 1982 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker.

De Claude Schlim huet säin Euphonium-Studium am Conservatoire zu Esch-Uelzecht beim Robert Weyland a Rudy De Bouw gemaach. Mam Rudy de Bouw huet hie bis zum Diplôme de concert zesummegeschafft. Gläichzäiteg huet hien éischt Präisser am Piano, an der Kammermusek, Dechiffrage, Harmonie, Methodologie, Orchestratioun an Direktioun gemaach.

Duerno huet hien um Conservatoire royal vu Bréissel an der Klass vum Professer José Schyns studéiert an do mam Diplom Licencié en musique ofgeschloss.

Donieft huet hien eng Rei Masterklasse mat renomméierte Professeren, wéi zum Beispill dem Robert B. Childs, Steven Mead, Olivier Haas an Nick Ost, gemaach.

Momentan ass hie Professer um Conservatoire zu Esch-Uelzecht, schreift Kompositiounen an Arrangementer fir groussen Orchester oder Kammermusekensembelen.

Zanter 2003 ass hien Dirigent vun der Harmonie vun Äischen an zanter 2016 dirigéiert hien d'Brass-Band vum Escher Conservatoire.

Als Member vum Trio Aurora, dem Lëtzebuerger Tuba Consortium, dem Heavy Tubes Quartett an der Harmonie Municipale vu Mondorf, spillt hie reegelméisseg Concerten zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Zanter 2015 huet de Claude Schlim säin eegenen Tounstudio "Schlim Tounstudio" zu Helleng, wou hie professionell Opname produzéiert, haaptsächlech am Beräich Klassik an Jazz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]