Claushaff

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Claushaff
Claushaff (Helperknapp) (101).jpg
An anere Sproochen de: Claushof
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Coat of arms boevange attert luxbrg.png Coat of arms tuntange luxbrg.png Helperknapp
Buergermeeschter Frank Conrad
Koordinaten 49° 42’ 51.7’’ N
      06° 04’ 53.8’’ O

De Claushaff oder Klaushaff[1] ass e Lieu-dit a Bauerenhaff zu Lëtzebuerg, am Kanton Miersch, an der Gemeng Helperknapp.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

E läit op enger Héicht vun 336 Meter nërdlech vum CR325 tëscht Schëndels a Keespelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Klaus mat de Kapellen op der Ferraris-Kaart, 6 Joer virun der Sekulariséirung

1714 huet déi deemoleg Priorin vum Märjendaller Klouschter, d'Marie-Catherine de Manteville, um Bierg deen zum Klouschter gehéiert huet (also op der Plaz vum haitege Klaushaff) eng gréisser Kapell baue gelooss[2], déi dem hellege Gangolf geweit war[3]. Si hat 3 Altär an eng kleng Klack an hirem Tiermchen. De Chouer huet net no Oste mee no Südweste gewisen, wat an der Rei war fir den Tréirer Dominikaneruerden deen d'geeschtlech Leedung vum Märjendaller Klouschter hat a keng strikt Ostorientéirung gefuerdert huet. Et muss och eng zweet a vill méi kleng Kapell an der Géigend vum haitege Pëtz gestanen hunn.

Géint d'Joer 1734 huet de Charel Becker, gebuer den 8. November 1706 zu Schëndels, Bouf vum Schëndelser Geriichtsschäffe Michel Becker, d'Priorin gefrot fir Eremit ze ginn. Déi huet heen dobäi ënnerstëtzt an eng Klaus hanner der Kapell baue gelooss. 1738 ass de Becker do erageplënnert, d'Joer drop huet e säin Eed als Eremit geleescht an ënner dem Numm Brudder Arsenius als Klausener do gelieft. Bei der Visite vun engem Eremitebrudder 1741 war alles an der Rei, an der Kapell ware Kasel, Alef an e Kielech, jee, wat ee sou fir eng Mass brauch. Fir sech z'ernieren hat de Klausener e Gaart mat enger Mauer ronderëm. No 1741 verléiert sech d'Spuer vum Brudder Arsenius, e gëtt a kengem Rapport vun der Lëtzebuerger Congregatioun méi ernimmt (et ass zwar wouer datt e géint dat aacht Kapitel vun der Eremiteregel verstouss huet no där heen net sou no u sengem Heemechtsduerf hätt dierfte liewen, mee wann e geplënnert wier dann hätt een en enzwousch anescht erëmfanne missen).[2] 1764 gëtt am Recheregëster vun Huelmes e "Mann deen an der Klaische wunnt" ernimmt, mee als Klausener gëtt deen net ausdrécklech betitelt[4].

1783 ass d'Kapell sekulariséiert gi wéi de Joseph II. all d'kontemplativ Uerden an e puer Méint drop och d'Klausen opgeléist huet. Wéi déi Franséisch Revolutiounstruppen 1794 an d'Herzogtum amarschéiert sinn do gouf déi viregt Decisioun just konsequent weidergefouert. Déi franséisch Famill Jaminet vun Huelmes huet d'Propriétéit kaaft fir se als Haff ze benotzen[5] an d'Kapell gouf mat Maueren a Plafongen duerchsat fir datt se als Stall a Scheier konnt déngen[6]. Just Deeler vun de Gewëllef a vum Chouer kann een haut nach vu bannen erkennen.[7]

An den 1930er Joren haten d'Jaminets um Terrain vum Klaushaff nieft hirem Bauerebetrib och eng Carrière[8]. Spéitstens an den 1990er Jore gouf d'Carrière awer sou opgefëllt datt se haut net méi ze gesinn ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Claushaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Henkes, Der "Klaushof" bei Keispelt und die ehemalige Klause, In: 50e anniversaire de la Fanfare-pompiers de Keispelt-Meispelt, 1956, S. 99-101

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Um Stroosseschëld
  2. 2,0 2,1 La vie érémitique au Duché de Luxembourg au XVIIe et XVIIIe siècle, Hémecht 1954, Heft 1 an 2
  3. Luxemburger Wort vum 10. Abrëll 1940, S. 9
  4. Henri Blackes (Pseud. H. Hirth von Weidenthal), Fragmentarisches aus dem Rechenregister der Schlossherrschaft Hollenfels 1757-1766, Hémecht 1966, Heft 2, S. 158: "4 aoust 1764  receu de l'homme demeurant dans la Kleusgen pr. 2 bich. de métillion  6 escal." ("4. August 1764 - kritt vum Mann deen an der Klaische wunnt fir 2 Sieschter Mëschler - 6 Schelleken")
  5. Michel Hostert, Beitrag zur Geschichte des Frauenklosters Marienthal bei Ansemburg, (Fortsetzung), in: Hémecht, 1895, N° 11, S. 306-308
  6. Chevalier L'Évèque de la Basse Moûturie, Itinéraire du Luxembourg germanique, ou voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché, Librairie vum V. Hoffmann, 1844, S. 320
  7. Jean Malget, Reichsgraf Friedrich Mathias von Spee (1852-1892) und das in Marienthal geplante Dominikanerkloster, in: Hémecht, 2012, Heft 2, S. 107
  8. Luxemburger Wort vum 24. Mäerz 1931, S. 9, Reklamm ënner "Verschiedenes"