Cliff Burton

Vu Wikipedia
Cliff Burton
Gebuertsnumm Clifford Lee Burton
Gebuer 10. Februar 1962
Castro Valley
Gestuerwen 27. September 1986
Nationalitéit USA
Educatioun Chabot College
Aktivitéit Bassist, Komponist, Museker, Gittarist
Member vun Metallica

De Clifford Lee "Cliff" Burton, gebuer den 10. Februar 1962 zu Castro Valley, Kalifornien, a gestuerwen de 27. September 1986 no bei Ljungby a Schweden, war e Bassist, dee mat der Trash-Metal-Band Metallica bekannt gouf. Hie gouf Cliff Burton oder einfach nëmme Cliff genannt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Cliff as 1962 als drëtt Kand vu sengen Hippie-Elteren Jan a Ray gebuer ginn. Hien hat zwee Gesëschter an ass op d'Highschool zu San Francisco gaangen, wou hie Museksstonne geholl huet. Als éischt huet hie Piano spille geléiert, am Joer 1976 dann E-Bass. Dës Instrumenter hu säi Museksgoût ausgemaach, dee ganz ofwiesselungsräich an aussergewéinlech war, hien huet nämlech Rockmusek vu Motörhead, Jimi Hendrix a Black Sabbath, awer och klassesch Musek gelauschtert.

Nodeem hien d'Highschool am Joer 1980 gepackt hat, ass de Cliff der Heavy Metal-Band Trauma bäigetrueden. Metallica, seng spéider Erfollegsband, war, nodeem de Ron McGovney ausgetruede war, op engem Concert vu Trauma dobäi, a si ware sou vum Cliff Burton sengem Talent um Bass, besonnesch bei sengem Solo, faszinéiert, datt si hien nom Concert gefrot hunn ob hie sech Metallica wéilt uschléissen.

Metallica[änneren | Quelltext änneren]

Bei Metallica hat de Cliff säi gréissten Erfolleg.

Hien huet mat hinnen 3 Albumen opgeholl: Kill 'em All, Ride The Lightning an Master Of Puppets. Hien huet sech aktiv um Songwriting bedeelegt, dëst souwuel bei den Texter wéi bei der Musek. Den Numm vum éischten Album Kill 'em All kënnt och vun him. Hie war bekannt fir seng Bass-Soloen, zu engem Deel an de Studioopname vun Orion oder Anesthesia Pulling Teeth, engem 4 Minutte laange Bass-Solo, zum aneren op de Concerten, wou hien eng Improvisatioun mat verschiddenen Deeler vun Anesthesia spillt. Seng Soloe sinn fir d'Benotzung vu Wah-Wah an Distortion-Effekter bekannt. Dës benotzt hien och an de Lidder For Whom The Bell Tolls an The Call Of Ktulu, béid vum Album Ride The Lightning. De chromateschen Intro vu For Whom The Bell Tolls gëtt och vum Cliff um Bass gespillt, e gëtt awer dacks iertemlecherweis als Gittarsmelodie gehalen. D'Haaptmelodie vun deem Lidd huet hien och erfonnt. Dat reng instrumentaalt Lidd Orion vum Album Master Of Puppets gëtt vu ville Fans als "säi" Lidd ugesinn. Dëst huet domat ze dinn, datt déi meescht Melodien aus senger Fieder stamen. Et kritt een de Bass a kaum soss engem Metallica-Lidd souvill ze héiere wéi an dësem: nom vum Bass gespillten Intro spillt dësen, alt erëm mat Verzerrung, eng Bridge. De rouegen Deel ass och vum Cliff gespillt. Dëse Riff gëtt dacks als "Cliff's Riff" bezeechent, obwuel en zu senge Liefzäiten ni live gespillt gouf. Zum Schluss kënnt dann nach e Bass-Solo, deen eenzege "richtege" Bass-Solo dee Metallica an engem Lidd jee abruecht huet.

De Burton huet sech niewebäi och vill mat Poesie beschäftegt. Ee vu senge beschten a bekanntste Spréch gouf no sengem Doud vu senge Kolleegen an d'instrumentaalt Lidd "To Live Is To Die" abruecht. Och vun dësem Lidd gouf den Haaptriff vum Burton geschriwwen.

Doud[änneren | Quelltext änneren]

No engem Concert zu Stockholm ass den Tourbus vu Metallica de 27. September 1986 géint 7 Auer moies op enger klenger Strooss kuerz virun der Stad Ljungby a Schweden an d'Schleidere komm an ëmgetippt. D'Leit am Bus si mat liichte Blessuren ewechkomm. Nëmmen de Cliff Burton, deen zum Zäitpunkt vum Accident a senger Kabinn geschlof huet, gouf duerch d'Fënster geschleidert an ass ënner dem schwéiere Bus leie bliwwen.

De Chauffer vum Bus huet kuerz nom Accident behaapt, d'Ursaach wier eng veräiste Strooss gewiescht, doropshin ass den James Hetfield déi lescht 500 Meter, déi de Bus gefuer war, ofgelaf, konnt awer néirens Äis entdecken. Den Hetfield sot, datt de Chauffer no Alkohol geroch hätt. Hie war sou rosen op de Chauffer datt hien en op der Plaz entlooss huet an en op d'Geriicht geholl huet, allerdéngs gouf de Chauffer do fräigesprach.

Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

De Cliff hat 3 Bassgittaren, dorënner ee Rickenbacker 4001. 2 Verstäerkeren an 3 Effektpedallen. Hien ass ee vun den éischte Bassisten déi op hire Concerte mat Distortion- oder Wah-Wah- Pedalle gespillt hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cliff Burton – Biller, Videoen oder Audiodateien