Jimi Hendrix

Vu Wikipedia
Jimi Hendrix
Gebuertsnumm Johnny Allen Hendrix
Pseudonym Jimmy James
Gebuer 27. November 1942
Seattle
Gestuerwen 18. September 1970
Kensington
Doudesursaach Erstécken
Nationalitéit USA
Educatioun Garfield High School
Aktivitéit Gittarist

Den James Marshall "Jimi" Hendrix, gebuer de 27. November 1942 zu Seattle (Washington), a gestuerwen den 18. September 1970 zu London, war en US-amerikanesche Gittarist a Sänger.

Den Jimi Hendrix gëllt wéinst senger experimenteller an innovativer Spillweis op der elektrescher Gittar als ee vun de bedeitendste Rock-Gittaristen an hat nodréiglechen Afloss op d'Entwécklung vun der Rockmusek.

Zesumme mat senge Gruppen, ënner anerem The Jimi Hendrix Experience an The Gypsy Sun & Rainbows, ass hien um Monterey Pop Festival an dem Woodstock Festival opgetrueden. Hien ass 1970 am Alter vu 27 Joer gestuerwen.

Den Jimi Hendrix hat de 16. Oktober 1966, zesumme mam Johnny Hallyday, Long Chris an The Blackburds en Optrëtt zu Lëtzebuerg.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Den Jimi Hendrix ass de 27. November 1942 am General Country Hospital zu Seattle am Bundesstaat Washington als Jong vum James Allen Hendrix an der Lucille Jeter ënner dem Numm "John Allen Hendrix" gebuer ginn. Säi Papp war Afroamerikaner a seng Mamm ar vun indianesch-irescher Ofstamung. Den James Allen Hendrix war déi Zäit vun der Gebuert vu sengem Jong grad mat der amerikanescher Arméi zu Alabama stationéiert. No senger Entloossung am Joer 1946 huet hien den Numm vu sengem Jong op "James Marshall" Hendrix ännere gelooss. Den James Allen an d'Lucille Hendrix hunn 1948 nach een zweete Jong, de Leon, kritt, hu sech awer 1950 scheede gelooss. Den Jimi Hendrix ass bei sengem Papp opgewuess.

Als Jugendlechen huet den Hendrix ugefaange sech fir Rock 'n' Roll ze begeeschteren. Hie war z. B. op Konzerte vum Elvis Presley, Little Richard a Matt Jefferson. Säin éischt Instrument war eng al Ukulele, déi säi Papp him am Alter vun 13 Joer geschenkt hat. Am Summer 1957 huet säi Papp fir fënnef US-Dollar eng gebrauchten akkustesch Gittar kaaft, op där hie mat senger éischter Band The Velvetones eng kuerz Zäit gespillt huet. Well den Jimi Hendrix weider vill Intressi un der Musek hat, huet hien déi elektresch "1560S" vun Ozark kritt. Mat där huet hien a senger zweeter Band The Rocking Kings gespillt.

No dem erfollegräichen Ofschloss vun der Mëttelschoul huet den Hendrix d'Garfield High School besicht, vun där hien 1959 wéinst schlechte Resultater geflunn ass. No engem Prisongsopenthalt wéinst engem geklauten Auto am Mee 1961 huet hie sech fir dräi Joer bei der 101. US-Loftlandedivisioun zu Campbell verflicht. Den Hendrix ass virun allem duerch säin negatiivt Behuelen opgefall.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jimi Hendrix – Biller, Videoen oder Audiodateien