Commissaire au contrôle des banques

Vu Wikipedia

Commissaire au contrôle des banques ass den Numm, ënner deem d'Bankenopsiicht zu Lëtzebuerg 1945 geschaaft gouf[1]. De Pierre Werner, de spéidere Staats- a Finanzminister war den éischten Titulaire op deem Posten.

De Kommissär huet drop opgepasst, datt d'Gesetzer, Arrêtéen a Reglementer iwwer de Finanzsecteur an d'Finanzoperatiounen agehale gi sinn. Hie war zoustänneg fir d'Banken, privat Spuer- an Hypothéikegesellschafte grad wéi fir all Entreprise déi Gelddepoten ugeholl huet.

Dem Kommissär seng Aufgabe sinn 1981 ugepasst ginn andeems eng europäesch Direktive iwwer d'Aktivitéite vun de Kreditinstituter ugeholl gi war[2]. 1983 si seng Aufgabe vum Institut monétaire iwwerholl ginn, deen dunn nei gegrënnt gi war[3].

Hautdesdaags gëtt de Finanzsecteur vun der Commission de surveillance du secteur financier iwwerwaacht.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 17 octobre 1945 relatif au contrôle bancaire. legilux.public.lu (17.10.1945). Gekuckt de(n) 14.09.2020.
  2. Loi du 23 avril 1981 portant application de la première directive du Conseil des Communautés Européennes du 12 décembre 1977 visant la coordination des dispositions législatives, réglementaires et administratives concernant l'accès à l'activité des établissements de crédit et son exercice. legilux.public.lu (23.04.1981). Gekuckt de(n) 14.09.2020.
  3. Loi du 20 mai 1983 portant création d'un Institut Monétaire Luxembourgeois. legilux.public.lu (20.05.1983). Gekuckt de(n) 14.09.2020.