Op den Inhalt sprangen

Dëschtelpéckchen

Vu Wikipedia
Dëschtelpéckchen
en Dëschtelpéckchen (Hinnchen)

en Dëschtelpéckchen (Hinnchen)
en Dëschtelpéckchen (Hinnchen)
Aner Sproochen: de: Stieglitz
fr: Chardonneret élégant
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Ënneruerdnung: Sangvullen
Famill: Fénken (Fringillidae)
Gattung: Carduelis
Aart: Dëschtelpéckchen
Wëssenschaftlechen Numm
Carduelis carduelis
Linnaeus, 1758

Den Dëschtelpéckchen (Carduelis carduelis) ass eng Sangvullenaart aus der Famill vun de Fénken (Fringillidae).

Den Dëschtelpéckchen frësst de Som vun enger Hellewull vun Traisch, Wiseplanzen, wëlle Kraider a Beem. Während der Bruttzäit frësst en och Insekten.

En huet eng markant schwaarz-rout Gesiichtsmask, e wäisse Kapp mat wäissen Halssäiten, e schwaarzt Genéck an e schwaarzen Hannerkapp. Op de Flilleken ass eng däitlech breet giel Sträif ze gesinn. De Réck ass hellbrong, de Bauch wäiss. De Schwanz, dee liicht gegafelt ass, ass zum Enn hi schwaarz, zum Deel och mat helle Flecken. Op der Broscht a laanscht Säit sinn d'Plomme brongelzeg. De Schniewel ass laang a spatz, seng hell Faarf gëtt ganz wäiss an der Zäit wou se bréien. Soss ass eng schwaarz Markéierung op der Spëtzt.

D'Dëschtelpéckercher ginn 12 bis 13 cm laang. D'Spanwäit tëscht de Flilleken ass 21 bis 25 cm. Se weie 14 bis 19 Gramm.

Gesang vun engem Dëschtelpéckchen
Verbreedungsgebidder:
Donkelgréng: ganzjäregt Virkommen; Hellgréng: Bruttgebitter; Blo: Iwwerwanterungsgebitter; Giel: Gebidder wou en agefouert gouf.

Den Dëschtelpéckche lieft vu Westeuropa (ausser an Island an, an der nërdlecher Hallschecht vu Fennoskandinavien) bis a Mëttelsibirien, Nordafrika souwéi a West- an Zentralasien. Ë. a. a Südamerika an an Australien gouf e vum Mënsch agefouert. An Europa an an Nordafrika, wou d'Wanteren net ze streng sinn, ass e stationär, déi, déi a Sibirie bréien, zéien am Wanter méi no Süden.

Alternativ, lokal oder fréier lëtzebuergesch Nimm sinn: Dëschtelfank, -fénk(elchen), -diätschen, dietchen, -diitchen, -këppchen, -männchen, -pénk a -villchen.[1]

  • W. Altendorf: Der Stieglitz. In: Die Voliere. 17, 1994, S. 168.
  • Einhard Bezzel: BLV Handbuch Vögel. BLV Buchverlag, München 2006, ISBN 3-8354-0022-3.
  • Hans-Günther Bauer, Einhard Bezzel, Wolfgang Fiedler]]: Das Kompendium der Vögel Mitteleuropas. Band 2: Passeriformes – Sperlingsvögel. Alles über Biologie, Gefährdung und Schutz. Aula, Wiebelsheim 2005, ISBN 3-89104-648-0.
  • Horst Bielfeld: Zeisige, Girlitze, Gimpel und Kernbeißer. Herkunft, Pflege, Arten. Ulmer Verlag, Stuttgart 2003, ISBN 3-8001-3675-9.
  • E. Glück: Brutbiologie des Stieglitzes. In: Die Voliere. 7, 1980, S. 7.
  • E. Glück: Stieglitz, Graukopfstieglitz. In: Die Voliere. 8, Heft 6, 1985, S. 208.
 Commons: Carduelis carduelis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Henri Klees: Luxemburger Tiernamen (inbegriffen in 2. Auflage die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen (=Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. Luxemburg 1981, S.34.