Den Astérix bei den Helveten

Vu Wikipedia
Den Astérix bei den Helveten
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm 1996
Auteur René Goscinny
Zeechnungen Albert Uderzo
Iwwersat vum Lex Roth


Den Asterix bei den Helveten (Originaltitel op franséisch: Astérix chez les Helvètes) ass de 16. Band vun der franséischer Comicserie Asterix. Fir d'éischt publizéiert gouf d'Geschicht am franséische Magazine Pilote (Nummer 557 bis 578), an als Buch koum se 1970 eraus. Geschriwwe gouf se vum René Goscinny an illustréiert vum Albert Uderzo. De Lex Roth huet d'Geschicht 1996 an d'Lëtzebuergescht iwwersat[1]. Et war dëst deen 9. (a bis ewell leschten) Band vum Asterix sengen Aventuren, deen op Lëtzebuergesch erauskoum[2].

Handlung[änneren | Quelltext änneren]

De korrupte Gouverneur vun der réimescher Provënz Condate, Gracchus Garervirus (am Original: Garovirus), ënnerschléit wärend senger Amtszäit ee groussen Deel vun de condatesche Steiergelder. Mat deem Geld finanzéiert hie seng Orgien, bis hien enges Daags Besuch vum Quaestor Claudius Botsdesinus (am Original: Malosinus) kritt, dee vu Roum geschéckt gouf, fir dem Garervirus seng Konten z'iwwerpréiwen. Fir seng Verbrieche geheim ze halen, vergëft de Garervirus de Claudius Botsdesinus. De lo bettlägerege Claudius Botsdesinus huet kee Vertrauen an d'Dokteren aus der condatescher Garnisoun, déi vum Garervirus geschéckt goufen. Dowéinst schéckt hie säin Dinger an d'gallescht Duerf, fir do den Druid Panoramix ëm Hëllef ze froen. De Panoramix ass d'accord a geet mam Asterix a mam Obelix op Condate fir do de Claudius Botsdesinus ze ënnersichen.

Zu Condate ukomm, kënnt de Panoramix zu der Conclusioun, datt de Claudius Botsdesinus vergëft gouf. Fir säi Liewen ze rette muss de Panoramix en Heeldronk zoubereeden. Dofir brauch en ower e "Sëlwerstär", eng kleng Blumm déi nëmmen op den héchste Bierger wiisst. Hie schéckt den Asterix an den Obelix an d'réimesch Provënz Helvetien, well do déi giedelegst Sëlwerstären ze fanne sinn. Fir datt de Claudius Botsdesinus viru senge Mäerder geschützt ass, gëtt hie mam Panormaix an d'gallescht Duerf eskortéiert an do als "Geisel" gehalen. De Gouverneur Garervirus, deen alles matkrut, probéiert derfir ze suergen, datt den Asterix an den Obelix vun hirer Rees an Helvetien net zeréckkommen. Hee freet dowéinst säi Kolleeg Diplodocus, de Gouverneur vu Genova, ëm Hëllef, deen och e groussen Amateur vun Orgien ass. Soubal en dës Demande kritt, gëtt den Diplodocus senge Legionären den Uerder, den Asterix an den Obelix gefaangen ze huelen.

Scho wéi déi zwéi Gallier op der Grenz mat Helvetien ukommen, ginn se do vun de Réimer ugehalen, ma déi zwéi gi se séier Meeschter. Si stiermen iwwer d'Grenz an Helvetien an d'Réimer verfollege se. Si fanne Refuge an enger Herberg, déi dem Helvet Petisuix gehéiert. De Petisuix, deen eng Sympathie fir d'Gallier huet, stellt hinnen een Zëmmer ze Verfügung, mä den Openthalt vum Asterix a vum Obelix dauert net laang, well d'Réimer déi ganz Géigend no hinnen duerchsichen, a se kucken och am Petisuix senger Herberg no hinnen. De Petisuix packt et d'Réimer fortzeschécken, ouni datt hie sech verdächteg mécht. Wéi d'Réimer fort waren, warnt hien den Asterix an den Obelix a proposéiert hinnen, sech beim Bankdirekter Zurix an engem vu senge Gefaacher ze verstoppen.

Den Dag drop bréngt de Petisuix dem Asterix an dem Obelix zwéi Béi mat, fir datt se sech als Helveten tarne sollen a sou net vun de Réimer erkannt géifen. Hir Verkleedung flitt awer séier op an d'Réimer joen déi zwee Gallier an de Petisuix. No enger kuerzer Poursuite sprangen déi dräi an de Séi, wou se kuerz drop vun engem Schëff mat fréieren helveteschen Zaldoten erausgezu ginn. Ma d'Réimer fannen eraus, wou dat Schëff hifiert, an den Diplodocus schéckt doropshin all seng Truppen op déi Plaz.

Knapps nodeems d'Schëff op der anerer Säit vum Séi ukomm ass, kommen och d'Réimer bei hinnen un. Den Asterix gëtt e puer Zaldoten de Rescht vu sengem Zaubergedrénks, sou datt si d'Réimer erfollegräich zeréckhale kënnen. Déi aner Zaldoten hëllefen iwwerdeems dem Asterix an dem Obelix op de Bierg ze klammen, fir do nom "Sëlwerstär" ze sichen. No dräi Stonne fënnt den Asterix de Sëlwerstär a pléckt d'Blumm a klëmmt da bis op d'Spëtzt vum Bierg. Dono kënnen den Asterix an den Obelix zeréck an hiert d'Duerf, an de Claudius Botsdesinus ka geheelt ginn.

Hie gëtt dann och als éischte Réimer op dat traditionellt Fest invitéiert, dat am galleschen Duerf no enger erfollegräicher Aventure gefeiert gëtt. Iwwerdeems ginn de Gouverneur Garervirus an de Gouverneur Diplodocus gewuer, datt se hir nächst (a lescht) Orgie am Zirkus zu Roum hale wäerten.

Personnagen[änneren | Quelltext änneren]

D'Gallier

  • Asterix
  • Obelix
  • Panoramix

D'Helveten

  • Petisuix
  • Zurix

D'Réimer

  • Gracchus Garervirus
  • Caius Eucaliptus
  • Claudius Botsdesinus
  • Dinger vum Botsdesinus
  • Caius Infarctus
  • Diplodocus

Duerstellung vun der Schwäizer Kultur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wärend dem Asterix an dem Obelix hirer Zäit an Helvetien komme si mat der helvetescher Kultur a Kontakt, déi vill humoristesch Referenzen iwwert d'Schwäizer Kultur huet. De Petisuix zum Beispill huet als eng vu sengen Aufgaben, soubal d'Sandauer eidel ass, "Guckuck" ze ruffe fir d'Leit drun z'erënneren, hir Sandauer ëmzedréien. Dës Zeen ass eng Uspillung op d'Schwäizer Pénktlechkeet an och op d'Auermécherkonscht an der Schwäiz.
  • Eng aner Uspillung op d'Schwäizer Kultur ass eng Zeen, an där den Asterix an den Obelix sech an engem Gefaach vum Zurix senger Bank virun de Réimer verstoppe mussen. Dat Gefaach ass mat egyptesche Schätz gefëllt. Déi Zeen, an anerer an der Bank, sinn Uspillungen op d'Schwäizer Bankgeheimnis.
  • Elementer vun der Schwäizer Gastronomie, wéi de Schwäizer Kéis an d'Kéisfondue ginn och am Comic illustréiert.
  • Och politesch Eegenschafte fir déi d'Schwäiz bekannt ass, ginn an dësem Band duergestallt wéi zum Beispill d'Positioun vun der Neutralitéit.

- "Op Uerder vum Caius Diplodocus, Gouverneur a Representant vum Julius Caesar, loosst äis hei duerch." (Ee Réimer zu engem Helvet) - "Är Geschichte ginn äis näischt un. Mir wëlle neutral bleiwen, mä… " (Dem Helvet seng Äntwert) (S.42)

  • D'Zaldoten, deenen den Asterix an den Obelix um Schëff begéinen, hunn eng grouss Leidenschaft fir d'Jodelen an d'Biergsteigen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.autorenlexikon.lu/page/author/942/942/DEU/index.html
  2. https://www.comedix.de/medien/lit/mundart/mluxemburg.php