Diskussioun:Chambre de commerce

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Also wa mer d'Chambre de Commerce schonn iwwersetzen, misst et dann net sinn "Handelskummer"? Myriam 07:37, 23 Dezember 2005 (UTC)

U sech hues de natierlech Recht. Ech hu mech just (bis elo) zeréckgehalen, well an eise Medien effektiv dauernd vun "Handelskammer" geschwat gëtt. --Otets♣ 09:47, 23 Dezember 2005 (UTC)

Am Luxemburger Wörterbuch steet "Handelskammer" an net "Handelskummer"!--Fliedermaus 17:27, 28. Mäe 2008 (UTC)

Fir erauszefannen, wat richteg ass, maache se dat an deene Fäll an der de-Wiki dacks esou: Se ginn déi zwee Begrëffer an de Guggel an, an da kucke se, watfir eng Fassong am meeschten dran ass. Dat ass dann déi richteg. Hei stéing et op déi Manéier 2.270.000 géint 10. Et bleift natierlech nach d'Méiglechkeet fir e Gottesuerteel. --Cornischong 17:42, 28. Mäe 2008 (UTC)

D'Statistik ass an dësem Fall gefälscht wëll vun deenen 2.270.000 mol wou "Handelskammer" ze fannen ass den Text ronderëm meeschtens net op lëtzebuergesch ass.

Op lëtzebuergesch misst et awer och "Handelskammer" sinn, oder ass "Handelskummer" an engem Dictionnaire ze fannen ? Léiwer geséich ech awer dat méi offiziellt "Chambre de Commerce".--Fliedermaus 18:10, 28. Mäe 2008 (UTC)


Den DFL seet op Säit 89 Handelskummer. Hëlleft dat weider? Les Meloures 18:20, 10. Abr 2008 (UTC)
Mol nodenken hëlleft och. Dat wat am Däitsche Kammer heescht, ass bei eis eng "Kummer". Well um Krautmaart awer kee wëll gekummert sinn, nenne mer dat "Chamber". Heiansdo kënnt mer munneges esou terribel preisesch vir. --Cornischong 23:32, 10. Abr 2008 (UTC)
Moien da proposéieren ech Chambre de Commerce ze huelen, an d'Beruffschamber och op de komplette franséische Lemma ëmzedeefen. Fir mech geseet et sech nett gutt un, wa mer an deene Saachen esou e Sproochemitschmatsch hunn. Les Meloures 05:46, 11. Abr 2008 (UTC)

Am Henri Rinnen sengem DFL (1988) stinn op der Säit 154 d'Wieder: Handelskammer, Kompensatiounskammer, Handwierkskammer ...--Fliedermaus 17:15, 22. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Offiziellen Numm[Quelltext änneren]

De Lemma vun dëser Säit ass schonn e puermol geännert ginn: vun Handelskammer Chambre de commerceChambre de commerce LuxembourgChambre de Commerce du Grand-Duché de LuxembourgChambre de commerce du Grand-Duché de Luxembourg. Am Handelsregëster (lbr.lu) heescht se just Chambre de commerce an och am Gesetz vun 1924 gëtt se esou genannt. Wou kënnt op eemol den « du Grand-Duché de Luxembourg » hier? Oder hunn ech eppes iwwersinn? Déi aner Beruffschamberen hunn de Suffix och net am Lemma. Sollte mer eis net op dat néidegst eenegen: Chambre de commerce? GilPe (Diskussioun) 07:53, 13. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]


Ech hu mol nogekuckt wéi se an anere Länner heeschen. Wéi et schéngt ass Lëtzebuerg dat eenzegt Land wou se just Chambre de commerce heescht, an deemno der Ännerung näischt am wee steet. Gëtt geréckelt. --Les Meloures (Diskussioun) 08:06, 13. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]