Diskussioun:Dampdëppen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dampdëppen[Quelltext änneren]

Ass dat net éischter en Dampdëppen? - Dampfgarer ass mer ze vill däitsch. Et gëtt och Dampdëppen, déi een op eng (elektresch) Kachmaschinn setze kann. - --Sultan Edijingo (Diskussioun) 08:32, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Vu mir aus wier dat och ok, wann et dat Wuert wierklech gëtt. Ech hunn dat nach ni héieren, mee dozou kënnen déi aner Benotzer vläit hir Meenung soen?--Bdx (Diskussioun) 08:44, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Wann et en Dampkessel, -maschinn, -schëff a -walz gëtt, da geet fir mech d'Dampdëppen der Saach guer net sou wäit aus de Féiss. --Les Meloures (Diskussioun) 09:06, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

De dico.lu iwwersetzt cocotte mat Dampdëppen, resp. Schnellkachdëppen an eis-sprooch.lu casserole à pression och mat Dampdëppen Deemno hu mer Dampdëppen, an deene mer mat Drock kache kënnen an deerer ouni Drock. De Rinnen/Reuland (Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch) kennt en Dämpftopf an iwwersetzt: Dëppe dir ze dënschten, ze dämpen, fir mat Donscht ze kachen (S. 38) Dat Verb garen gëtt et op Lëtzebuergesch net an domat och kee Garer, ausser ee vun der Gare. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 09:34, 8. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Iwwerschaffen: do stëmmen en etlech Behaaptungen net[Quelltext änneren]

Wat stëmmt net? --Bdx (Diskussioun) 13:51, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]


Dat stëmmt net oder wéinstens nëmme ganz beschränkt: elektresche Kichenapparat an deem Liewensmëttel mat Damp erhëtzt ginn. E kann elektronesch oder net elektronesch funktionnéieren.
Hei hannendrun e puer Biller vun net elektreschen an nach manner elektroneschen.

--Les Meloures (Diskussioun) 14:03, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

haha amplaz einfach "elektresche" erauszehuelen. "etlech" heescht dach méi wéi 1, wat ass nach falsch?--Bdx (Diskussioun) 14:12, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]


Et ass traureg genuch datt all Artikel muss nogekuckt a verbessert ginn. A wann elektresch erausgeholl gëtt da gëtt d'Definitioun net besser doduerch. Déi aner Mataarbechter sinn och net do fir an all Eck flécke mussen ze goen. A wanns de ee Problem dermat hues datt Schreiffeeler a grammatikalesch Feeler verbessert ginn dann däerfs de net an enger Enzyklopedie matschaffen, oder du hues d'Wuert Enzyklopedie net verstanen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:32, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Et ass nach vill méi traureg, datt bestëmmte Leit bestëmmte Kompetenze feelen, déi op enger Säit wéi Wikipedia néideg sinn. Wat ass dann nach schlecht un där Definitioun? Dat ass en Miniartikel, fir de Leit emol iwwerhaapt eng Iddi ze ginn, wat dat iwwerhaapt ass. Wann eppes dra steet, wats du fir komplett falsch häls, dann änner et oder proposéier eppes aneres. Oder so wéinstens, WAT schlecht drun ass. Mee anscheinend gehéiers du zu där Zort Onmënschen, déi einfach nëmme gären granzen a maulen. An Accusatiounen ze maachen (bon, dat maachen ech och gär). Falls dat net de Fall ass, dann: my bad. An datts du mengs ech géing dech fir e grammar nazi halen, seet vill iwwer dech aus. E grammar nazi gëtt zB an engem Forum oder sozialen Netzwierk benotzt, deen näischt mat Rechtschreiwung oder Grammatik ze dinn huet. Hei ass eng Enzyklopedie, et ass normal datt all Feeler verbessert gëtt. Just datt verschidde Leit "Feeler" gesinn, déi keng sinn. Iwwregens, du "verbessers" dach fir däi Liewe gären, oder firwat gëtt direkt no Publikatioun an all Artikel gepiddelt, och wann d'Erfarung engem weist, datt trotz Preview och nach no der Späicherung un de Säite verbessert gëtt. Komesch, datt vun alle Persounen, déi mir gehollef hu meng Feeler ze verbesseren an Artikel besser ze maachen, du déi eenzeg bass, mat där ech e Problem hunn. Mee dat ass jo reciproque, gedu? --Bdx (Diskussioun) 15:03, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech waarden iwwregens nach op déi aner vun den etleche falsche Behaaptungen.--Bdx (Diskussioun) 15:06, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]


datt vun alle Persounen, déi mir gehollef hu meng Feeler ze verbesseren an Artikel besser ze maachen, du déi eenzeg bass, mat där ech e Problem hunn. Mee dat ass jo reciproque, gedu?
Dat stëmmt honnertprozenteg, well vun alle Leit bei deenen ech Feeler verbessere ginn, bass du am Ament den eenzege mat deem ech e Problem hunn, mä ech stelle fest datt wann aner Mataarbechter deng Artikelen nokucken fannen déi och Boboen. Dann nach just eng kleng Bemierkung. Ech verbesseren net fir méi Liewe gär, mä ech maachen et well et mer wichteg schéngt datt an enger Enzyklopedie keng Feeler stinn, an datt Iddien an Explikatiounen am Fong richteg sinn. Ech sinn e ganz normale Mënsch deen am drëtte Schouljoer aus der Schoul komm ass a keen dichtege Studium gemaach huet, awer ech hunn ëmmer d'Aen am Grapp an d'Oueren op. A wann aner Leit manner Feeler géife schreiwen da krit ech och mol rëm Zäit selwer en Artikel ze schreiwen. Ech kennen dorop d'Änwert am Viraus: et forcéiert jo keen dech an dat stëmmt och mä wie forcéieret déi aner Feeler Feeler ze bastelen a wa méiglech och nach permanent déi selwecht um lafende Band.
oder firwat gëtt direkt no Publikatioun an all Artikel gepiddelt, och wann d'Erfahrung engem weist, datt trotz Preview och nach no der Späicherung un de Säite verbessert gëtt
Ma ganz einfach fir datt d'Feeler sou séier wéi méiglech veschwannen, a meng Erfahrung weist datt wann d'Feeler net direkt verbessert ginn da sti se nach a 5 Joer do, an dat souguer wann nach an der Tëschenzäit um Artikel gepiddelt gouf. Ech hunn de Roboter Daag an Nuecht lafen op der Feelersich, an all Woch gëtt ëmmer nees déi ganz Wiki op d'mannst eng Kéier no Feeler duerchkämmt. Dat just zur Freed un der Aarbecht. Dommerweis gëtt et Feeler sou wéi verschidden Tournuren, Ausdréck a Sazbau déi de Roboter net erausfënnt, grad sou wéi de grujelegen transmuselanesche Jargon dee blannemänches iwwersat gëtt, ouni sech fir fënnef Su Gedanken iwwer de Sënn an d'Sprooch ze maachen. Ech mengen mol als ganz einfache Mënsch, datt wann ee mengt et misst een an enger Enzyklopodedie matschaffen, da soll een dat op engem Niveau kënne maachen bei deem net méi vill muss nogebessert ginn. (ech schwätzen do net vun Tippfeeler, déi komme jiddwerengem vir a si liicht ze fannen an ze verbesseren). Mer haten hei schonn Artikele stoe vun engem andemselwechte Mataarbechter wou dee sech an zwéin Artikel widdersprach huet, oder wou Zuele falsch waren, well se grad sou falsch bei den Nopere stoungen, oder aner falscht Gekrozels aus der de:Wiki einfach iwwerholl hunn oder just gemengt hunn dat wier esou. Sou wéi haut bei zwéi vun denge Redirekten de Mixer dee keen Handmixer ass an de Souterrain deen net nëmmen ee Keller ka sinn an doriwwer eraus e pure franséischen Ausdrock ass deen als Lemma oder Redirect iwwerhaapt näischt hei verluer huet, ausser et gehéiert een zu deene Leit déi e Sproochkomplex hunn an duerfir musse mam Avion an d'Vakanz fléien a wann se rëmkommen an de Mëschtkaascht trëppelen a sech eréischt un deem säin Numm erënnere wann de Still e widdert d'Bëls flitt. --Melouresbot (Diskussioun) 21:09, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]


haha amplaz einfach "elektresche" erauszehuelen. "etlech" heescht dach méi wéi 1, wat ass nach falsch.
Ma z.B datt d'Iessen am Damp erhëtzt gëtt. D'Iesse gëtt am Damp gekacht sou wéi den Numm vum Dëppen et seet (garen=kachen). Erhëtzen ass beim Kachen eng Marge vun ongeféier 40/50 Grad bis 160 Grad oder méi. Dat ass hei net de Fall well bei ënner 100 Grad ensteet keen Damp also kann en näischt erhëtzen a bei honnert Grad kacht et schonn, a wäit driwwer geet et net soss flitt den Deckel dervun. Dat just zum Gebrauch vun onprezise Wierder an engem Fachberäich. --Les Meloures (Diskussioun) 21:53, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech hunn och am Artikel Kachplack de Gas mat der Gasplack erausgeholl. E Gas fir drop ze Kachen huet keng Plack. Dat Déngen dat d'Flam produzéiert ass e Brenner, an d'Dëppen oder d'Pan steet op der Flam a wann een e Gas kafe geet da gëtt een net gefrot mat wéivill Placken, mä mat wéivill Flamen. --Les Meloures (Diskussioun) 21:53, 2. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]