Diskussioun:Francine Closener

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat huet déi Damm soss nach opweises ?? --80.200.214.31 20:33, 29. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Hief Gedold bis e Mëttwoch...--Zinneke (Diskussioun) 22:36, 29. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Saz geläscht[Quelltext änneren]

Ech hunn de flotte Saz:

Seit den neiwahlen am november 2013 gouf sie dann staatsekretärin, an haat dann och schon den eichten skandal opweisses wei sie mam dengchauto an d'vakanz gefuer as mat den CD plaken. Sie huet sech entchellegt mee as arrogant eriwer komm. Beitrag dei op wikipedia geschriewen gin , gin och direct gelecht wann se net positif fir den image as.

geläscht a mat enger e bësse méi neutraler Formuléierung ersat, fir zevill Polemik z'évitéieren. --Bdx (Diskussioun) 10:42, 15. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Merci, an ech hat e ganz eraus geholl well et Schülergekrozels voller Feeler war. An da kënnt dee Männi sech nach bekloe well säi Saz erausgeflunn war. Vu 40 Wierder waren der op d'mannst 21 falsch. De Rekord bis elo. --91.180.240.167 11:04, 15. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Och ech froe mech, ob dat iwwerhaapt relevant ass, hei ze stoen. Wikipedia ass eng Enzyklopeide, a kee Forum fir Dagesaktualitéit (hei: e Möchtegern-"Skandal" am 'Wanterlach' (dem Neijoosch-Pendant zum Summerlach)) ze diskutéieren. Wann déi Saach Suitë gehat hätt, z.B. e Récktrëtt oder eng Regierungsëmbildung, da schonn, mee esou: Wéi gesot, am Verglach zu deene puer Basis-Daten déi do stinn, ass dat vëlleg disproportionéiert.--Zinneke (Diskussioun) 12:23, 15. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Fannen och, datt et net misst do stoen, mee wann een et eraushëllt gett bestëmmt gesot dat wier Zensur...--Bdx (Diskussioun) 09:14, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Misste mer dann net och all déi aner opzielen déi dat jorelaang gemaach hunn ouni datt e Piiipjeswuert gesot gouf. Oder sinn déi zu Fouss an d'Vakanz gaangen. Wa schonn esou en Tamtam gemaach gëtt, soll och vu jiddwerengem geschwat ginn oder vu kengem. Mol wéinstens op enger neutraler Plaz wéi d'Wikipedia. --Les Meloures (Diskussioun) 09:41, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech sinn denger Meenung, du kanns et jo eraushuelen a wa kee meckert, ëm sou besser.--Bdx (Diskussioun) 10:05, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Merci, esou lues kritt den Artikel Form. Wann dann ee sech an där Déngschtautosgeschicht verbäisse wéilt, kann en dat nach ëmmer an engem Artikel Deontologie, mat engem Ënnerkapitel "Deontologiecodices fir ëffentlech Ämter zu Lëtzebuerg" an engem Niewesaz iwwer den Historique dovunner abauen... --Zinneke (Diskussioun) 10:53, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Et deet mer leed, mä ech sinn der Meenung dat dee Saz iwwer d'Dënschtwonaffaire sollt dra bleiwen an zwar well déi Saach kloer eng politesch Dimensioun huet a keng Privataffaire ass, a well se hir Auswierkungen op Gesetzer resp. geplangte Gesetzer wäert hunn. Den Echo an der lëtzebuergescher Bevëlkerung war esou grouss datt een dat net esou einfach kann ignoréieren. Kleng Ursaachen hunn heiansdo eben eng grouss Wierkung, ech erënnere nëmmen un d'Oflauschtere vum Här Juncker duerch den Här Mille mat der Auer. Dat wier hei warscheinlech och erausgeflunn mat esou Argumenter wéi se hei opdauchen. Wann elo iwwer aner Affairen näischt geschriwwe gëtt, dann ass dat net onbedengt well et net relevant ass mä well ebe keen do ass deen eppes schreift. Ech setzen dofir elo dee Saz nees an den Artikel --MMFE (Diskussioun) 11:04, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]


"dat an engem Interview fir korrekt fonnt huet. Si huet sech spéider duerfir entschëllegt". Huet si sech wirklech derfir entschëllegt datt si dat korrekt fonnt huet. A misst net och gesot ginn wien dat war dee si kritiséiert huet. Dat wier am politesche Kontext dann och wichteg, oder net. Wa schonn, dann och alles oder näischt.--Les Meloures (Diskussioun) 11:43, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
"Den Echo an der lëtzebuergescher Bevëlkerung war esou grouss datt een dat net esou einfach kann ignoréieren".
Dat behaapt mol wéinsten RTL.lu. a berifft sech op déi 1200 Pousten déi gemaach goufen. Wann ech den Niveau vun deem Gekrozels kucken da gi mir d'Dronkenellen aus. Do ass kee Mënsch dee sech d'Fro stellt firwat sou Déngschtween (net nëmme beim Staat) iwwerhaapt dosinn. Do gi just Parteirivalitéiten ausgespillt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:17, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Moien, am Interview krut si d'Fro gestallt ob si dat fir korrekt géif halen, a si huet net direkt mat jo dorop g'äntwert. Si sot:"Ech hu mech ganz gutt renseignéiert an ech gesinn och eigentlech kee Problem dobäi." 91.180.240.167 13:33, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Nach eng Kéier, deen Artikel hei ass net fir e Mikro-Event ze beschreiwen, mee déi relevant Donnéeën iwwer där Fra hiert Liewen: Hire fréieren an haitege Beruff, Studium, etc. Et läit an der Natur vum Politker-Sinn, wéinst sengen Aussoe kritiséiert, gelueft, kommentéiert ze ginn. Sou och hei. Soulaang dat wat e sot oder gemaach huet, keng wichteg an 'nohaltgeg' Auswierkungen huet (Regierungsrécktrëtt, Verurteelt wéinst Diffamatioun, Ofstuerz vum Aktiecours vum CAC40, oder wat och ëmmer), gesinn ech net, firwat een dat grad hei breet trëppele soll. En Artikel Deontologie dierf awer roueg geschriwwe ginn. --Zinneke (Diskussioun) 14:12, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Dobäi huet se sech guer näischt zuschëlle komme gelooss. Oder hätt si sech missen d'Fro stellen ob si lo eppes net dierft maachen wat anerer honnertmol virdru gemaach hunn (an elo nach maachen: kuckt Déngschtwon vum JCJ). 91.180.240.167 14:22, 16. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Nation Branding[Quelltext änneren]

Lo froen ech mech op dat nach aktuel ass: https://wdocs-pub.chd.lu/declarations/849_DIF_rev0.pdf --Jwh (Diskussioun) 19:29, 30. Mäe. 2023 (UTC)[äntweren]