Diskussioun:Kierch Siren

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Henri vs Antoine[Quelltext änneren]

Moien,

op der Fiche vum SSMN (déi als Referenz gedingt huet) geet vun engem Henri Hartmann als Architekt rieds. Am Artikel Kierch Hiefenech steet, déi wier vun där heiter inspiréiert, där hiren Architekt den Antoine Hartmann wier. Am Artikel Antoine Hartmann ass eng laang Lëscht vu Gebaier, déi hien entworf huet, dorënner awer keng Kierch vu Siren.

D'Fro ass deemno: Sinn den Heng an den Tun zwee Verschiddener (Bridder?), oder ass den "Henri" just en Iertum?

--Zinneke (Diskussioun) 09:16, 1. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien,
Am Wort gëscht goung vum Antoine Rieds, doropshinn hat ech et geännert, de Paschtouer mengt och et misst en A. Hartmann sinn. Hunn lo nach eng Nummer vun engem Spezialist, deen am Ament awer net ze erreechen ass. Ech probéiere weider... --Jwh (Diskussioun) 09:44, 1. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci. Den Antoine schéngt mer och méi plausibel, mee wann et e Spezialist gëtt fir et ze confirméieren, tant mieux. Merci och, dee Wort-Artikel, deen s d'ernimms, an den Hiefenecher Kiechenartikel als Referenz/Quell derbäizesetzen. E schéinen Dag, --Zinneke (Diskussioun) 10:14, 1. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]

Yeaph, bei Hiefenech kennt ë.a. och nach d'Quell derbäi. Hu lo de Panneau dee bei der Kierch zu Siren steet ërëmfonnt, do schreiwe se just "sie wurde von 1846 bis 1849 von Mathias Loth nach den Plänen des Architekten Hartmann im neogotischen Stil erbaut", wat eis leider lo net weiderbrengt. --Jwh (Diskussioun) 10:31, 1. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
No Récksprooch mam Alex Langini: Am Kontrakt steet Henri Hartmann, architecte particulier à Luxembourg. Leider soss näischt iwwer de Mann bekannt. --Jwh (Diskussioun) 01:40, 12. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
De Charles Henri Hartmann Privatarchitekt, gebuer den 21. Okober 1820 zu Fréiseng, ze liesen am Memorial N° 69 vun 1849. --Les Meloures (Diskussioun) 13:07, 12. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]
Flott! Merci! --Jwh (Diskussioun) 23:12, 12. Mäe. 2013 (UTC)[äntweren]