Kierch Siren
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Siren | |||
Par | Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs | |||
Dekanat | Süden-Ost | |||
Numm / Patréiner | Hl. Laurentius | |||
Architekt(en) | Henri Hartmann | |||
Koordinaten | 49° 33’ 51.3’’ N 06° 13’ 11.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Siren ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Weiler zum Tuer gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Laurentius deem säi Fest den 10. August gefeiert gëtt.
Se steet op der Kiercheplaz (Place de lÉglise).
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Si gouf 1846 bis 1849 no Pläng vum Architket Charles Henri Hartmann gebaut. Virbild kéint de Liebfrauendoum zu Tréier gewiescht sinn. Et war dëst eent vun deenen éischten nei-gotesche Gebaier zu Lëtzebuerg.[1] Besonnesch ass um Gebai de quasi quadratesche Grondrëss an den aachteckegen Tuerm, deen an der Mëtt dovun ass.
D'Kierch gouf den 19. Abrëll 1991 als Nationaalt Monument klasséiert.
1996 bis 1998 gouf se duerch den Architekt Jean Petit restauréiert.
Mobiliar
[änneren | Quelltext änneren]Den Haaptretabel, d'Säitenaltär an d'Beichtstill sinn aus der Bauzäit, ëm 1860-1870. D'faarweg Fënstere goufen 1923 vum Atelier Simminger gemaach, d'Rosace ass vum Jakob Schwarzkopf (1926-2001).
Déi barock Statu vum hellege Laurentius ass méi al, si kënnt aus der Kapell, déi ofgerappt gouf, wéi d'Kierch gebaut gouf. De Volleksaltor, an der Mëtt vum Gebai, ass vum Alex Reding.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Weiler zum Tuer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Siren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Weiler zum Tur
- D'Kierch vu Siren op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux (fr)
- D'Fënstere vun der Kierch zu Siren op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch Siren an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 D'Kierch vu Siren op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux Archivéiert de(n) 04.03.2016. Gekuckt de(n) 23.05.2010.