Diskussioun:Schetzel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"de séilege Schetzel": Ass dee séileg gesprach ginn? Wéini war dat? A wou ass eppes doriwwer ze fannen? --Cornischong 19:45, 5. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Am Vollständigen Heiligenlexikon vun 1858-1882 gett de Schetzel mat séileg betitelt. Esou steet do: "B. Schetzelo, Conf. (6. Aug.). Dieser selige Diener Gottes ist in diesem Werke (II. 431) unter dem Namen Gezzellinus, wie er noch heißt, schon behandelt, wohin wir verweisen. (II. 172.)" [Heiligen-Lexikon: Schetzelo, B.. Vollständiges Heiligen-Lexikon, S. 35566 (vgl. HL Bd. 5, S. 224)]

Wa mer dann awer beim Gezzellinus kucken, schwätzen se vun engem Hellegen: "S. Gezzelinus, Erem. (6. Aug.) Der hl. Gezzelin, auch Gitzelin oder Scocelinus und Schetzelo genannt, war ein Einsiedler im Bisthum Trier, welcher 14 Jahre in Einöden und Gebirgen zubrachte. (...)" [Heiligen-Lexikon: Gezzelinus, S.. Vollständiges Heiligen-Lexikon, S. 14098 (vgl. HL Bd. 2, S. 431)] Sultan Edijingo 10:04, 6. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Gréisst vun de Biller[Quelltext änneren]

Mer mussen bei de Biller an den Artikelen un déi Leit denken, déi e Schiirm mat méi klenger Opléisung hunn. Op mengen Laptop z. B. hunn sech di Biller scho mat der Opléisung vun 1280 x 800 eent iwwer dat anert geluecht. Dofir sinn ech erem op di méi kleng Duerstellung zréck gaangen.Sultan Edijingo 10:15, 6. Mee 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,
Da mussen d'Biller anescht getässelt ginn datt se net nieftenee stinn. Normalerweis ginn op engem 17 Zollschierm am 3/4 Format 800 px an der Breet drop. Ech hat och schonns an engem Talk dodrop higewisen, an derbäigesat wéi Leit mat anere Schirmen an Opléisunge kënne novollzéien wéi d'Säit sech op engem 17 Zoll ugesäit. A la Rigueur kann een der jo zwee niefteneen ënner den Texr setzen dann trëllen se net duerch déi, déi am Text riets stinn. Les Meloures 14:25, 6. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

De Schetzel an den Achardus[Quelltext änneren]

Ech hu ënner d'Bild vu bannent der Hiel geschriwwen: lénks de Schetzel, riets den hl. Achardus.
Stëmmt dat, oder ass et ëmgedréit richteg? Wie kann hëllefen? --Cayambe 19:25, 11. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]

Um Panneau am Bësch steet et esou: Schetzel rechts, Archadus links. Ech hunn dat elo am Bildtext g'ännert. GilPe (Diskussioun) 20:00, 24. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]

Nidderaanwen oder Steesel?[Quelltext änneren]

Moien, Et gëtt dacks geschriwwen, d'Hiel wär zu Nidderaanwen, d'Klaus gehéiert wéi et schéngt och zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit (déi um Gebitt vun de Gemenge Konter, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter läit)... Mä op geoportail.lu ass et dach awer zimmlech kloer, datt d'Hiel um Territoire vu Steesel läit... Wie weess do vläicht eppes méi? GilPe (Diskussioun) 18:48, 24. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]

De Schetzelbur läit op jiddwerfall op der Sektioun Heeschdref. Wann d'Klaus och op där Säit vum Wee ass, da läit déi och op Heeschdref. --Les Meloures (Diskussioun) 20:12, 24. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]

Där Meenung sinn ech och. Well awer am Internet notamment iwwer d'Schetzelfeier geschwat gëtt, déi vun der Par Saint-Esprit organiséiert gëtt an och de Buergermeeschter vun Nidderaanwen do optrëtt, hunn ech e Mail u béid Gemengen gemaacht fir eng Erklärung ze kréien. D' Sekretariat vun der Steeseler Gemeng war ganz rapid an huet g’äntwert: "Schwätzt mat Aerem Paschtouer doriwwer". Ech hunn déi Äntwert e bësse bosseg fonnt. No engem Uruff op der Steeseler Gemeng krut ech gesot, dat wär d’Äntwert vun hirem Buergermeeschter!

Vläicht ass jo Nidderaanwen méi kooperativ...GilPe (Diskussioun) 06:58, 25. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]

Vläicht ass de Steeseler hire Kadaster net à Jour.  :-) :-) Oder si mengen de Kadaster géif seng Geometere beim Bistum rekrutéieren. An dat sinn déi Leit déi ons wëllen dirigéieren. Ech hat mer vum Kleins Jempy méi erwaart. Ech mengen et gëtt Zäit datt mir sou e Floskelforum an d'Welt setzen deen all déi domm Äntweren déi mir kreien publizéiert. --Les Meloures (Diskussioun) 07:23, 25. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]

Nodeems ech nach eng Kéier beim Steeseler Buergermeeschter eng Confirmatioun gefrot hunn, datt d'Schetzelhiel wierklech op hirem Territoire läit, krut ech dat dann och confirméiert: „Är rhetorësch Fro ass jo beäntwert!“. Deemno: Affaire classée! GilPe (Diskussioun) 12:05, 28. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]

Schetzel ass net gläich Schetzelhiel[Quelltext änneren]

Misst dësen Artikel net vläicht emol ëmstrukturéiert ginn? Menger Meenung no ginn hei aktuell zwee Konzepter vermëscht an zwar den Schetzel als eng historesch Persoun an d'Schetzelhiel als eng geographesch Lokalitéit.

Menger Meenung no sollt fir Schetzelhiel een néien Artikel kreéiert (fir dëse Wikidata Element: https://www.wikidata.org/wiki/Q107454929) ginn an dësen hei soll sech ob de Schetzel als Persoun konzentréieren. Esou sollt z.B. d'Infobox hei ersat gi mat enger fir eng Persoun an net fir eng Platz. MNHNL pbraun (Diskussioun) 16:39, 8. Jul. 2021 (UTC)[äntweren]