Dizzy Gillespie
Dizzy Gillespie | |
---|---|
Gebuertsnumm | John Birks Gillespie |
Gebuer | 21. Oktober 1917 |
Gestuerwen |
6. Januar 1993 Englewood |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Pianist, Komponist, Trompettist, Bandleader, Dirigent, Jazzmuseker, Sänger, Discographesche Kënschtler, Museker |
Member vun | American Academy of Arts and Letters |
Den Dizzy Gillespie, eigentlech John Birks Gillespie, gebuer den 21. Oktober 1917 zu Cheraw a South Carolina, a gestuerwen de 6. Januar 1993 zu Englewood am New Jersey, war en US-amerikaneschen Jazzmuseker (Trompettist), Komponist, Sänger, Arrangeur a Bandleader.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Nodeem hien als Jugendleche mat Trombonn ugefaangen hat, ass e mat der Zäit op Trompett ëmgeklommen.
1935 gëtt hien zu Philadephia vum Frank Fairfax engagéiert. Kuerz drop ass e mat der Band vum Teddy Hill duerch Europa gereest. En huet et net laang op enger Plaz ausgehal. Vun 1939 bis 1941 war hie beim Cab Calloway mat dem Chu Berry a mat dem Cozy Cole. 1942 war en am Orchester vum Earl Hines mam Charlie Parker, der Sarah Vaughan an dem Billy Eckstine, deem hien 1944 gehollef huet eng Big Band opzebauen. Dat war déi Zäit wou e fir den Jimmy Dorsey Stécker arrangéiert huet an bei deenen den Duke Ellington matgespillt huet.
Am Joer 1945 huet hie bei Guild seng éischt historesch Bebop-Placken opgeholl. E Joer méi spéit huet e säin eegenen Orchester mam Kenny Clarke, John Lewis, Milt Jackson, James Moody an John Coltrane. Mat deene Leit reest hien am Fréijoer 1948 duerch d'USA, Frankräich an d'Belsch. 1950 léist hie seng Band aus finanzielle Grënn op, a spillt beim Stan Kenton. Kuerz hannerenee spillt e mam Lalo Shifrin, Jose Mangual, Mogo Santamaria an anere Spezialiste vun der afro-kubanescher a latäinamerikanescher Musek. 1988 grënnt hien d'United Nation Orchestra, mat deem en déi hallef Welt duerchsträift: Egypten, Marokko, an e bësse méi spéit Kanada an d'USA.
Mam Louis Armstrong ass en ee vun de "Gigante vum Jazz" (huet de Woody Herman gesot).
1979 koum bei Doubleday seng Autobiographie To Be or Not to Bop eraus, déi hie mam Al Fraser geschriwwen huet.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]- Dizzy Gillespie: Dee Gee Days - The Savoy Sessions 1951, 1952
- Dizzy Gillespie, Charles Mingus, Charlie Parker, Max Roach, Bud Powell at the Massey Hall, Toronto (Kanada). 15. Mee 1953
- Dizzy Gillespie, Robert Ameen, Branford Marsalis, Kenny Kirkland, Lonnie Plaxido: New Faces, 1984, 1985
- Dizzy Gillespie and the United Nation Orchestra: Live at the Royal Festival Hall, London, 10. Juni 1989
- Dizzy Gillespie Ken Burns Jazz (2000)
Kompositiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Birk's Works
- Manteca
- A Night in Tunisia
- Con Alma
- Groovin' High
- Salt Peanuts
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gillespie, Dizzie, Frazer, Al: To Be Or Not To Bop. Hannbial, Wien 1988, ISBN 3-854-45018-4 (däitsch Ausgab)
- Terkel, Studs: Giganten des Jazz. Zweitausendeins, Frankfurt 2005 ISBN 3-86150-723-4
- Wölfer, Jürgen: Dizzy Gillespie. Sein Leben, seine Musik, seine Schallplatten. Oreos, Schaftlach 1987, ISBN 3-923-65716-1
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- En Extrait vun Hot House eroflueden.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dizzy Gillespie – Biller, Videoen oder Audiodateien |