Donatuskapell zu Rued

Vu Wikipedia
Kapell vu Rued
Kapell vu Rued op der Äisch

Kapell vu Rued op der Äisch
Kapell vu Rued op der Äisch
Uertschaft / Plaz Rued
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Donatus
Konsekratioun 29.01.1846
Koordinaten 49° 41’ 28.9’’ N
      06° 00’ 03.3’’ O
D'Kapell vu Rued vu Südoste gesinn

D'Kapell vu Rued vu Südoste gesinn
D'Kapell vu Rued vu Südoste gesinn
Kierchen - Kapellen

D'Donatuskapell zu Rued bei Simmer ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Habscht gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.

D'Kapell steet op der Kräizung vum Kierchewee mat dem Kareschbierg. Op där Plaz, wou déi haiteg Kapell gebaut gouf, war fréier e Gemengegaart.

Zur fréierer Par Nouspelt hunn ausser der Kapell vu Rued och nach d'Parkierch vun Nouspelt an d'Kapell vun Dondel gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéini d'Rieder Kapell gebaut gouf, léisst sech net genee feststellen.

De geneeën Datum vun der kierchlecher Aweiung (Benediktioun) huet de Simmer Lokalhistoriker Lucien Arendt (†2012) viru Joren duerch Zoufall entdeckt. Beim Duerchbliedere vum Dafregëster vun der Par Nouspelt fir d'Period no 1840 gouf e komesche "Virnumm" um lénkse Säiterand fonnt, do wou viru jiddwer Dafakt normalerweis de Virnumm an och dacks de Gebuertsuert festgehale goufen. Zwëscht dem Dafakt N°3 vum 21. Januar an N°4 vum 6. Februar 1846, betreffend Nicolas Jugener a Maria Catharina Zimmer steet follgenden interessanten Text: "Benedictio Capellae in Roodt".

Am laténgeschen Text ass den Datum vun dëser spezieller Daf ze liesen, nämlech den 29. Januar 1846. An dësem Akt steet geschriwwen:
"Im Jahre 1846, am 29. Januar, habe ich, Unterzeichneter, Dechant des Dekanates Koerich im Auftrag des hochwürdigsten und illustren Herren (Titular)Bischofs von Chersonne und Apostolischen Vikars in Luxemburg, die neue Kapelle in Roodt, Pfarrei Nospelt, unter der Anrufung des heiligen Märtyrers Donatus eingesegnet zu Gunsten des hochwürdigen Herrn Ross, Pfarrer und der Einwohner der Ortschaft, nach den Riten der heiligen katholischen Kirche im Jahre und am Datum wie oben genannt. (In fidem = parole donnée, in Wahrheit): J. Gaspar, Pfarrdechant in Koerich. Dies bezeugend: Th. Ross, Rektor in Nospelt."

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donatuskapell zu Rued – Biller, Videoen oder Audiodateien