Douglas Sirk
Douglas Sirk | |
---|---|
Gebuer |
26. Abrëll 1897 Hamburg |
Gestuerwen |
14. Januar 1987 Lugano |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Kinnekräich Dänemark, Westdäitschland |
Educatioun | Universitéit vu München |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Regisseur |
Den Douglas Sirk, gebuer als Hans Detlef Sierck de 26. Abrëll 1897 zu Hamburg, a gestuerwen de 14. Januar 1987 zu Lugano an der Schwäiz, war en internationalen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
Den Detlef Sierck ass zu Hamburg als Jong vun däneschen Elteren opgewuess. Hien huet op e puer Unien Droit studéiert a war du Redakter bei der Neue Hamburger Zeitung. Duerno ass hie bei den Theater gaangen a war vun 1929 bis 1935 Intendant am Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg. 1934 krut hien e Vertrag als Filmregisseur bei der UFA. 1937 huet hien Nazidäitschland verloss an ass a Frankräich an den Exil gangen. Duerno huet hien Europa fir d'USA verlooss.
Mat Hitler's Madman huet hie säin éischten US-amerikanesche Film am Joer 1943 gedréint. Zu senge bekanntsten Hollywoodfilmer zielen Magnificent Obession (1954) an All That Heaven Allows (1954) allkéiers mat der Jane Wyman an dem Rock Hudson an den Haaptrollen. Nieft der Lauren Bacall ass de Rock Hudson och erëm am Drama Written on the Wind ze gesinn.
Besonnesch déi jonk franséisch Kritiker Jean-Luc Godard a François Truffaut ware vum Film A Time to Love and a Time to Die nom Roman vum Erich Maria Remarque begeeschtert. Mat Imitation of Life huet hie 1959 säi leschte Spillfilm an den USA gedréint.
Hien ass de Papp vum Schauspiller Klaus Detlef Sierck (1925-1944).
Duerno huet hie sech op Lugano an d'Schwäiz zeréckgezun. Vun 1974 bis 1978 war hien Dozent op der Hochschule für Fernsehen und Film München.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1934: Zwei Genies - (Kuerzfilm)
- 1935: Dreimal Ehe - (Kuerzfilm)
- 1935: Der eingebildete Kranke - (Kuerzfilm)
- 1935: April, April! - Haaptacteuren: Lina Carstens, Werner Finck
- 1935: Stützen der Gesellschaft - Haaptacteuren: Heinrich George
- 1935: Das Mädchen vom Moorhof - Haaptacteuren: Hansi Knoteck
- 1936: 't was één April, Regie zesumme mam Jaques van Tol
- 1936: Schlußakkord - Haaptacteuren: Willy Birgel, Lil Dagover
- 1936: Das Hofkonzert - Haaptacteuren: Marta Eggerth, Johannes Heesters
- 1937: La chanson du souvenir, Regie zesumme mam Serge de Poligny - Haaptacteuren: Marta Eggerth, Colette Darfeuil
- 1937: Zu neuen Ufern - Haaptacteuren: Zarah Leander, Willy Birgel
- 1937: La Habanera - Haaptacteuren: Zarah Leander a Ferdinand Marian
- 1939: Boefje - Haaptacteuren: Annie van Ees, Albert van Dalsum
- 1943: Hitler's Madman - Haaptacteuren: John Carradine
- 1944: Summer Storm - Haaptacteuren: Linda Darnell, George Sanders
- 1946: A Scandal in Paris - Haaptacteuren: George Sanders, Carole Landis
- 1946: Lured - Haaptacteuren: George Sanders, Lucille Ball
- 1947: Sleep, My Love - Haaptacteuren: Claudette Colbert a Robert Cummings
- 1948: Shockproof - Haaptacteuren: Cornel Wilde, Patricia Knight
- 1948: Slightly French - Haaptacteuren: Dorothy Lamour, Don Ameche
- 1950: Mystery Submarine - Haaptacteuren: Macdonald Carey, Märta Torén
- 1951: The First Legion - Haaptacteuren: Charles Boyer, William Demarest
- 1951: Thunder on the Hill - Haaptacteuren: Claudette Colbert, Ann Blyth
- 1952: The Lady Pays Off - Haaptacteuren: Linda Darnell, Stephen McNally
- 1951: Week-End with Father - Haaptacteuren: Van Heflin, Patricia Neal
- 1952: No Room for the Groom - Haaptacteuren: Tony Curtis, Piper Laurie
- 1952: Has Anybody Seen My Gal - Haaptacteuren: Piper Laurie, Rock Hudson
- 1953: Meet Me at the Fair - Haaptacteuren: Dan Dailey, Hugh O'Brian
- 1952: Take me to Town - Haaptacteuren: Ann Sheridan, Sterling Hayden
- 1953: All I Desire - Haaptacteuren: Barbara Stanwyck, Maureen O'Sullivan
- 1954: Taza, Son of Cochise - Haaptacteuren: Rock Hudson, Barbara Rush
- 1954: Magnificent Obsession - Haaptacteuren: Jane Wyman, Rock Hudson
- 1954: Sign of the Pagan - Haaptacteuren: Jeff Chandler, Jack Palance
- 1954: Captain Lightfoot - Haaptacteuren: Rock Hudson, Barbara Rush
- 1955: All That Heaven Allows - Haaptacteuren: Jane Wyman, Rock Hudson
- 1956: There's Always Tomorrow - Haaptacteuren: Barbara Stanwyck, Fred MacMurray
- 1957: Written on the Wind - Haaptacteuren: Rock Hudson, Lauren Bacall, Robert Stack, Dorothy Malone
- 1956: Battle Hymn - Haaptacteuren:Rock Hudson, Dan Duryea
- 1957: Interlude - Haaptacteuren: June Allyson, Rossano Brazzi, Marianne Koch
- 1957: The Tarnished Angels - Haaptacteuren: Rock Hudson, Robert Stack
- 1958: A Time to Love and a Time to Die - Haaptacteuren: John Gavin, Liselotte Pulver
- 1959: Imitation of Life - Haaptacteuren: Lana Turner, John Gavin, Sandra Dee