Dylan Pereira
Ausgesinn
| Dylan Pereira | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
10. Juni 1997 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg, Portugal |
| Aktivitéit | Autospilot |
|
| |
Den Dylan Pereira, gebuer den 10. Juni 1997 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Autospilot[1].
Duerch säi Papp, deen zu Dippech eng Autosgarage bedreift, koum e fréi mat Autoen a Kontakt an en huet scho mat 4 Joer ugefaangen op der Karting-Pist zu Monnerech Go-Kart ze fueren. Mat 7-8 Joer ass en op Pisten am Ausland gewiesselt, haaptsächlech a Frankräich an an der Belsch. Mat 10 Joer ass en zu Mirecourt an de Vogesen fir d'éischt an enger offizieller Course matgefuer.
Hie fiert op Porsche, a mécht beim Porsche Supercup mat[2].
Bis Enn 2020 ass hie knapps 50 Coursse gefuer.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Télécran Nr. 52/2025 S. 12-17: Dustin Mertes: Dylan Pereira - Traumjob mit Hindernissen
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren](Stand. Dez. 2020)

| Saison | Serie | Positioun | Auto | Equipe |
|---|---|---|---|---|
| 2014 | Central European Volkswagen Golf Cup | 11. | Volkswagen Golf | ? |
| 2015 | Central European Volkswagen Golf Cup | 2. | Volkswagen Golf | ? |
| Porsche Supercup | NC | Porsche 911 GT3 Cup | MOMO Megatron Team PARTRAX | |
| 2016 | Porsche Carrera Cup Germany | 12. | Porsche 911 GT3 Cup | MRS GT-Racing |
| Porsche Supercup | 13. | Porsche 911 GT3 Cup | MOMO Megatron Team PARTRAX | |
| 2017 | Porsche Carrera Cup Germany | 17. | Porsche 911 GT3 Cup | Zele Racing |
| Porsche Supercup | 8. | Porsche 911 GT3 Cup | Lechner Racing Middle East | |
| 2018 | Porsche Carrera Cup Germany | 4. | Porsche 911 GT3 Cup | Lechner Racing |
| Porsche Supercup | 7. | Porsche 911 GT3 Cup | MOMO Megatron Lechner Racing Team | |
| 2019 | Porsche Carrera Cup Germany | 4. | Porsche 911 GT3 Cup | Lechner Racing |
| Porsche Supercup | 9. | Porsche 911 GT3 Cup | MOMO Megatron Lechner Racing Team | |
| 2020 | Porsche Supercup | 2. | Porsche 911 GT3 Cup | BWT Lechner Racing |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Dylan Pereira – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Profil op Driver Database
- Offiziell Websäit
| Virdrun | Duerno | |
| Charles Grethen | 2022 | Leandro Barreiro |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Driver Presentation: Dylan Pereira op gt3me.com, gekuckt den 11. September 2020
- ↑ "Thomas Preining wins last race – Dylan Pereira rookie champion." Walter Lechner Racing, gekuckt den 30. September 2019.
