Däitsch Demokratesch Republik

Vu Wikipedia


Deutsche Demokratische Republik

Fändel vun der DDR

Wope vun der DDR

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Däitsch
Haaptstad: Berlin (Ost-Berlin)
Staatsform: realsozialistesch Republik mat Eeparteiesystem
Fläch: 108.179 km²
Bevëlkerung: 16,434 Millionen (1989)
 • Bevëlkerungsdicht: 152 Awunner/km²
Nationalfeierdag: 7. Oktober
Nationalhymn: Auferstanden aus Ruinen
Wärung: Ostdeutsche Mark (1949–1990)
Offiziell: Deutsche Mark (1949–1964)
Mark der Deutschen Notenbank (1964–1967)
Mark der DDR (1967–1990)
Deutsche Mark (zanter dem 1. Juli 1990)
Internet TLD: .dd

Déi Däitsch Demokratesch Republik (gängeg Ofkierzung DDR, och alt Ostdäitschland genannt) war e Staat a Mëtteleuropa, dee vun 1949 bis 1990 existéiert huet. E gouf an der sowjetescher Besatzungszon opgeriicht, zum Deel als Reaktioun op d'Formatioun, am Westen, vun der Bundesrepublik Däitschland an den 3 westleche Besatzungszonen.

Si ënnerlouch engem kommunistesche Regimm, resp. enger realsozialistescher Diktatur, ënner der Féierung vun der Sozialistescher Einheitspartei Deutschlands (SED). Wéi déi meescht aner Ostblocklänner war d'DDR ekonomesch, ideologesch a militäresch praktesch ganz vun der Sowjetunioun ofhängeg.

Vill Leit ware mat de politeschen an ekonomesche Konditiounen net averstanen. Et koum zu engem Vollekopstand, de 17. Juni 1953, dee vu sowjeteschen Truppen ermëlzt gouf, an an den éischte 10, 15 Joer gouf eng massenhaft Emigratioun an de Westen. Dësem Verloscht vu virun allem jonken a gutt ausgebilte Leit huet d'Staatsféierung doduerch en Enn gesat, datt stënterlech, am August 1961, d'Berliner Mauer opgeriicht gouf an och d'Grenz tëscht Ost- a Westdäitschland hermetesch zougemaach gouf.

Mat Hëllef vum Ministerium für Staatssicherheit (kuerz MfS oder Stasi genannt) huet de Staat e System vun Iwwerwaachung, Intimidatioun bis hin zu systemateschem Fäerdegmaache vun oppositionellen Aktivitéiten oder Gruppen ënnerhalen, deen déi ganz Bevëlkerung duerchwuess hat. Déi ganz Erzéiung a Bildung, vun der Spillschoul bis op d'Universitéit, war drop ausgeriicht "sozialistesch Perséinlechkeeten" auszebilden.

Wéi an der Sowjetunioun de Michael Gorbatschow 1986 Glasnost a Perestroika ausgeruff huet, fir de verkuuschte Staat ze reforméieren (a virun der wirtschaftlecher Faillite ze retten) hate vill Leit an der DDR d'Hoffnung, och bei hinne géif sech déi wirtschaftlech a politesch Lag besseren. Den Erich Honecker huet awer refuséiert, dës Reforme bei sech doheem anzeféieren, wat d'Zuel vun den Onzefriddene staark an d'Luucht gedriwwen huet. Am Summer 1989 sinn, nodeems den Eisene Rideau an Ungarn ofgebaut gouf, Dausende vu Leit iwwer Ungarn, oder westdäitsch Ambassaden zu Prag an zu Warschau, an de Weste fortgelaf. Gläichzäiteg hunn, vun ufanks e puer Dosen, bis an de Wochen dono zeg Dausende vu Leit op der Strooss géint de Regimm friddlech protestéiert. Haseleg gouf d'Spëtzt ausgewiesselt a vu Reforme geschwat, mä d'Leit hu weider protestéiert. Déi vum Regimm sou net gewollt Ëffnung vun der Mauer, den 9. November 1989, huet zum schëtzegen Ënnergang vum Regimm a vum Land bäigedroen. Den 18. Mäerz 1990 gouf et eng éischt Kéier fräi Walen, bei deenen eng Schwësterpartei vun der westdäitscher CDU, d'Allianz für Deutschland, gewonnen huet, sou datt den 1. Juli 1990 eng Wärungsunioun mat Westdäischland a Kraaft getrueden ass an d'D-Mark offiziell Wärung an der DDR gouf, an am August d'DDR-Parlament gestëmmt huet, datt d'Bundeslänner vun der DDR der Bundesrepublik Däitschland op den 3. Oktober 1990 sollte bäitrieden.

Domat huet d'DDR sech selwer opgeléist.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: German Democratic Republic – Biller, Videoen oder Audiodateien