Edison Pettit

Vu Wikipedia
Edison Pettit
Gebuer 22. September 1889
Gestuerwen 6. Mee 1962
Tucson
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago
Aktivitéit Astronom

Den Edison Pettit, gebuer den 22. September 1889 zu Peru, Nemaha County, Nebraska a gestuerwen de 6. Mee 1962 zu Tucson, Arizona war en US-amerikaneschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1914 bis 1918 huet hien Astronomie um Washburn College zu Topeka am Bundesstaat Kansas geléiert. 1920 huet hien op der Universéit Chicago promovéiert.

Kuerz dono gouf hie Mataarbechter um Mount-Wilson-Observatoire. Ufanks hat hie sech op Solarastronomie spezialiséiert a seng eegen Thermoelementer konstruéiert. Ausserdeem hat hie visuell Observatioune vum Mars a Jupiter gemaach. Nach no senger Pensioun huet hie weider a sengem Privatatelier Spektrographe fir verschidden Observatoiren zesummegebaut.

Him zu Éiere gouf e Moundkrater Pettit an e Marskrater Pettit genannt.

Hie war mat der Hannah Steele (gebuer de 6. November 1886 a gestuerwen den 10. September 1961) bestuet. Hir Duechter Marjorie gouf mam Aden Meinel, e bekannten Teleskopebauer, bestuet .

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Edison Pettit – Biller, Videoen oder Audiodateien