Egon Schiele: Tod und Mädchen
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Éisträich Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2016 |
Première | 7. Oktober 2016 |
Dauer | 110 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Daitsch |
Ekipp | |
Regie | Dieter Berner |
Dréibuch |
Hilde Berger, Dieter Berner |
Fotografie | Carsten Thiele |
Musek | André Dziezuk |
Produzent |
Franz Novotny, Alexander Glehr, Bady Minck, Alexander Dumreicher-Ivanceanu |
Schauspiller | |
Noah Saavedra als Egon Schiele Maresi Riegner als Gerti Schiele Valerie Pachner als Wally Neuzil Marie Jung als Edith Harms Larissa Breidbach als Moa Mandu Elisabeth Umlauft las Adele Harms Thomas Schubert als Anton Peschka Daniel Sträßer als Dom Osen Cornelius Obonya als Gustav Klimt André Jung als Riichter zu St. Pölten Nina Proll als Varietédirektesch Luc Feit als Arthur Roessler Fanny Berner als Tatjana von Mossig Wolfram Berger als Affekot Michael Kreihsl als Dr. Haldenwang Hilde Berger als Mamm Harms | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Egon Schiele: Tod und Mädchen ass e Film vum Regisseur Dieter Berner iwwer den éisträichesche Moler Egon Schiele. E baséiert um Buch vun der Hilde Berger mam selwechten Titel an ass eng éisträichesch-lëtzebuergesch Koproduktioun.
De Film hat seng Première de 26. September 2016 am Kader vum Zurich Film Festival. De 5. Oktober 2016 koum en an Éisträich eraus, de 17. November an Däitschland an den 30. November 2016 zu Lëtzebuerg.
Ëm wat geet et am Film
[änneren | Quelltext änneren]Am Film ginn d'Bezéiunge vum Moler Egon Schiele zu fënnef Fraen, déi eng wichteg Roll a sengem Liewe gespillt hunn, erzielt: nieft senger klenger Schwëster Gerti virun allem seng Frëndin Wally Neuzil, seng Fra Edith Harms a seng Schwéiesch Adele, souwéi d'Varieté-Dänzerin Moa Nahuimir....
Produktioun
[änneren | Quelltext änneren]De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 1.568.000 Euro ënnerstëtzt.[1]
De Film gouf 2015 zu Wien, an Nidderéisträich, zu Český Krumlov, zu Trieste an zu Lëtzebuerg am Kielener Filmland (Bannenopnamen) gedréint.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Egon Schiele: Tod und Mädchen op thimfilm.at
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 24 septembre 2014