Engie

Vu Wikipedia
Engie
Logo-engie.svg
Gecina - Tour T1.jpg
Typ Aktiegesellschaft (SA)
Grënnungs 22. Juli 2008
Sëtz La Défense, Courbevoie
Flag of France.svg Frankräich
Mataarbechter 160.000 (2018)[1]
Ëmsaz 61 Milliarden € (2018)[1]
Branche Energieliwwerant
Homepage engie.com
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Engie ass eng franséisch Entreprise, déi am Energiesecteur aktiv ass. Si schafft an der Produktioun an Distributioun vun elektreschem Stroum a Gas.

Engie ass den 22. Juli 2008 mat der Fusioun tëscht Gaz de France (GDF) a Suez entstanen. 2010 huet GDF Suez, wéi d'Entreprise dunn nach geheescht huet, déi brittesch Firma International Power opkaaft. Zënter 2015 heescht de Grupp offiziell "Engie".

De franséische Staat war 2021 mat 24% vun den Aktien de gréissten Aktionär vun Engie.[2]

De Sëtz vun Engie ass zu Courbevoie am Quartier La Défense, bei Paräis.

D'Entreprise gëtt op de Boursen zu Paräis, Bréissel a Lëtzebuerg kotéiert an ass Deel vun de Bourssenindexen CAC 40 a BEL20.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Engie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 engie.com: Engie en chiffres, 2018 (gekuckt de 26. August 2021)
  2. engie.com: Structure de l’actionnariat (gekuckt de 26. August 2021)