Ensemble vocal du CMNord

Vu Wikipedia

Den Ensemble vocal du CMNord ass e Gesanksensembel, deen 1981 vum deemolegen Direkter vum CMNord, dem Marc Jacoby, gegrënnt gouf. E besteet aus enger fester Grupp vu ronn 24 Sänger (SATB). Jee no Produktioun trëtt den Ensembel awer och an anere Besetzungen op, vu ronn 12 bis 40 Sänger.

Den Ensembel huet zanter senger Grënnung vill Concerten zu Lëtzebuerg ginn a genéisst en exzellente Ruff wéinst senge vokale Qualitéiten an de stilgerechten Interpretatiounen. Vun der Saison 2009-10 un iwwerhëlt den Dirigent a Komponist Martin Folz d'kënschtleresch Leedung vum Chouer. Dem Marc Jacoby seng Ofschlossproduktioun am Dezember 2009 war dem J. S. Bach säi Weihnachtsoratorium.

Den Ensembel gouf bis elo haaptsächlech vum Marc Jacoby, dem Martin Folz an dem Marion Michels dirigéiert. Säi Korrepetitor ass vun 2003 un de Pascal Zeihen.

Zanter 2019 steet den Ensembel ënnert der Leedung vum Matthias Raczyk.

De Repertoire vum Ensemble vocal weist eng Virléift fir barock Wierker vum Gabrieli, Monteverdi, Schütz, Purcell, J. S. Bach, Händel, a fir a-cappella-Wierker vum 19. an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert vum Felix a Fanny Mendelssohn, Brahms, Debussy, Ravel, Poulenc, Hindemith a Rautavaara. De Chouer huet awer och scho modern Wierker opgefouert, z. B. Messa Breve in Re vum Marion Michels am Joer 1998, Abrahams Kinder vum David Ianni am Joer 2004, a Le roi David vum Arthur Honegger am Joer 2010.

Um Programm 2022 stoung d'Misa Tango vum Martín Palmeri an 2023 eng Koproduktioun vum Cape an dem CMNord mam Requiem vum W.A. Mozart.