Escher Pizza

Vu Wikipedia
Eng Pizza Diavola mat Anchoisen a Knuewelek, och Escher Pizza genannt.

D'Escher Pizza (och Pizza Eschoise, seelen Pizza Esch, genannt) ass eng Zort Pizza, déi 2022, an deem Joer an deem Esch Europäesch Kulturhaaptstad war, vun der Stad Esch zesumme mat enger Partie Pizzeriae virgestallt gi war. Deemools gouf betount, datt déi Pizza schonn zanter laangem a Pizzeriaen zu Esch an doriwwer eraus am ganze Land bestallt géif ginn[1]. Déi Pizza hat just bis dohinner keen eegenen Numm[2].

Symbolik vun den Ingredienten[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der traditioneller Basis aus Kéis an Tomatenzooss, ass d'Escher Pizza mat schaarfer Salami, Knuewelek an Anchoise beluecht. Ausser dem Knuewelek, deen eng heemesch Planz ass, sinn dëst alles Zoudoten, déi aus Länner kommen, déi och bei der Immigratioun zu Esch eng Roll gespillt hunn[3]. D'Pizza selwer staamt ursprénglech aus Italien. Schaarf Salami ass eng Spezialitéit aus ville südleche Géigenden, dorënner och Spuenien a Südfrankräich. Dat selwecht gëllt fir Anchoisen, déi virun allem am Portugal ganz beléift sinn.

Mat dësen Ingrediente soll d'Mixitéit an d'Villsäitegkeet vun der Bevëlkerung zu Esch duergestallt ginn, hat et bei der Virstellung vum Projet geheescht[4].

Verbreedung vun der Escher Pizza[änneren | Quelltext änneren]

D'Escher Pizza gouf am Ufank an ronn 15 Pizzeriaen am Zentrum vun Esch/Uelzecht verkaaft. Mëttlerweil hunn och aner Pizzeriaen am ganze Land an och an der franséischer Grenzregioun d'Escher Pizza op hirer Menüskaart stoen[5]. Den Numm ass net regional geschützt a ka vun all Pizzeria, egal wou se ass, als Escher Pizza ugebuede ginn.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Escher Pizza - Aus der Minett Metropol eraus an d'Welt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-05-20.
  2. Glenn Schwaller, Esch erfindet eigene Pizza. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2022-05-06). Gekuckt de(n) 2022-05-12.
  3. Die Escher Pizza hat was drauf!. Escher Blog (2022-05-06). Gekuckt de(n) 2022-05-12.
  4. Philip Michel, Pizza Esch / Eine Pizza wie die Stadt: Man liebt sie, oder man hasst sie. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2022-05-12.
  5. Esch invente sa propre pizza. Luxemburger Wort - Edition francophone (2022-05-07). Gekuckt de(n) 2022-05-12.