Pizza

Vu Wikipedia
Pizza Napoli
Pizza Napoli

Eng Pizza ass en Zort waarm Taart där hiren Deeg virum Bake mat verschiddenen Iesswuere beluecht gëtt. Et gëtt ugeholl, datt et déi haiteg, populär Variant, mat Tomatenzooss a Kéis als Basis, fir d'éischt an der Regioun ronderëm Neapel gouf. 2017 gouf déi neapolitanesch Konscht vum Pizzabäcker ((en) Art of Neapolitan ‘Pizzaiuolo’)[1] vun der Unesco an déi representativ Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet opgeholl.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Hierkonft vum Wuert Pizza ass net ganz gekläert. Als eng vun de warscheinlechsten Theorië gëllt, datt d'Wuert vun der langobardescher Bezeechnung pizzo oder bizzo[2] ofstaamt, wat esou vill wéi e Bëss, oder e bëssche bedeite géif.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Mëtt vum 18. Joerhonnert gouf d'Tomat a Süditalien populär[3]. Aus där Zäit staamt och déi éischt nogewise Pizza aus där Géigend. Eng Pizza, déi der haiteger Pizza Margherita entsprécht, soll den 11. Juni 1889 zu Neapel vum Pizzaiolo Raffaele Esposito gebak gi sinn[4]. International populär gouf d'Pizza géint d'Enn vum 19. Joerhonnert duerch italieenesch Auswanderer an den USA.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vun der Industrialiséierung vu Lëtzebuerg, an der Entwécklung vun der Stolindustrie besonnesch an der Minettsgéigend, koume vill italieenesch Awanderer als Aarbechter op Lëtzebuerg a mat hinnen och d'Traditioun vum Pizzabaken. Besonnesch ronderëm d'Zentre vun der deemoleger Stolindustrie, wéi Esch/Ulezecht, Rëmeleng, Diddeleng, Déifferdeng an awer och aneren Stied, sinn no an no ëmmer méi Pizzeriaen entstanen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. UNESCO - Art of Neapolitan ‘Pizzaiuolo’. ich.unesco.org. Gekuckt de(n) 2022-05-06.
  2. Manlio Cortelazzo, Paolo Zolli: Dizionario etimologico della lingua italiana. Zanichelli, Bologna 1999, S. 1206 f.
  3. Wer hat die Tomaten erfunden bzw. woher stammen sie?
  4. Petra Foede: Wie Bismarck auf den Hering kam. Kulinarische Legenden. Verlag Kein & Aber, Zürich 2009, ISBN 978-3-0369-5268-0, S. 167 f.