Op den Inhalt sprangen

Eta Aquilae

Vu Wikipedia
η Aquilae
NummEta Aquilae
Stärebild:Aquila (Aql)
Daten
EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun19h 52m 28,368s
Deklinatioun+ 01° 00' 20,38"[1]
visuell Magnitude3,48 mag bis 4,39[1]
Spektralklass:F6 Ib bis G4 Ib[1]
Astrometrie
Radialvitess:(-25,1 ± 0,2) km/s[2]
Parallax:
Distanz1200 Lj.
Liichtkraaft3400
Physikalesch Eegenschaften
Mass:7 M☉
Radius:60 R☉
Metallizitéit:
Uewerflächentemperatur5300 bis 6200 K
Rotatioun:
Alter:
Aner Bezeechnungen
Bayer-Bezeechnungη Aquilae
Bonner DuerchmusterungBD +0° 4337
Bright Star CatalogueHR 7570
Flamsteed-Bezeechnung55 Aquilae
Henry-Draper-KatalogHD 187929
Hipparcos-KatalogHIP 97804
SAOSAO 125159
Tycho-KatalogTYC 480/3027/1
Weider Katalogen

Den Eta Aquilae (η Aql) ass en Iwwerris a läit 1200 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech am Stärebild Aquila, 8° südlech vum hellen Altair. Ziimmlech rar gëtt den Eta Aquilae och mat sengem hebräeschen Numm Bezek oder Bazak (d. h. Blëtz) bezeechent.

Als Cepheideverännerlechen variéiert d'visuell Magnitude vum Eta Aquilae mat enger Period vu 7,176641 Deeg tëscht +3,48 mag an +4,39 mag. Zesumme mam Delta Cephei, Zeta Geminorum an dem Beta Doradus gehéiert den Eta Aquilae zu den hellsten Cepheiden. D'Hellegkeetsschwankunge goufe schonn am Joer 1784 vum Edward Pigott entdeckt. Den Eta Aquilae ka mat bloussem A observéiert ginn. Aus der Period-Liichtkraaft-Bezéiung kann een d'Distanz vum Eta Aquilae op 1100 Liichtjoer berechnen. Dee Wäert stëmmt also ganz gutt mat deem aus der gemoossener Parallax berechentem Wäert vun 1200 Liichtjoer iwwereneen.

  • Der Brockhaus. Astronomie. 2006, S. 15.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars