Eugène Ost

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Eugène Nicolas Ost, gebuer den 20. Mee 1913 an der Stad Lëtzebuerg,[1] an do gestuerwen den 10. Januar 2001, war e lëtzebuergeschen Dokter, Kazettler, Auteur an Direkter vum Staatslaboratoire.[2]

Den Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire[änneren | Quelltext änneren]

Den Eugène Ost huet am Abrëll 1940 d'Kandidatur an den Naturwëssenschaften, déi op de Medezinstudium virbereet huet, d.h. den entspriechenden Examen vum Cours supérieur, gepackt.[3] Am Dezember 1945 huet hien den Examen fir d'Kandidatur an der Medezin bestanen.[4]

Säin Dokteschdiplom krut hien de 24. November 1948. De 14. November 1949 ass hien als Dokter zu Lëtzebuerg zougelooss ginn; hie war Spezialist an der Hematologie an an der Mikrobiologie.[2]

De 16. Oktober 1954 krut den Eugène Ost eng Nominatioun als Médecin-assistant am Staatslaboratoire.[2] Wéi de Fernand Schwachtgen 1975 an d'Pensioun gaangen ass, gouf den E. Ost Direkter vum Staatslaboratoire, deen zënter 1965 offiziell Institut d'hygiène et de santé publique geheescht huet. Den E. Ost goung am Dezember 1976 a Pensioun.[5]

De Kazettler[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich war den Eugène Ost am KZ Dachau internéiert ginn. Hie war ee vun den «Dachauer», déi den 1. Juni 1945 aus der amerikanescher Quarantaine zu Munneref entlooss goufen a vun do aus mat Camionen an d'Stad bruecht gi sinn, wou se feierlech begréisst goufen. Hi war Member vun der Delegatioun, déi vun der Groussherzogin Charlotte am Palais empfaange goufen.[6]

De Member vum Institut grand-ducal[änneren | Quelltext änneren]

Am Februar 1968 gouf hien als Membre correspondant vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal proposéiert. An der Sëtzung vum 4. Abrëll 1968 ass déi Propose akzeptéiert ginn. Hie war deemools Médecin-chef au département de bactériologie de l'Institut d'hygiène et de santé publique.[7]

Den Auteur[änneren | Quelltext änneren]

A villen Artikelen, déi tëscht 1968 an 1985 am «Rappel», dem Organ vun der Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques, publizéiert goufen, huet den Eugène Ost iwwer d'Liewen am KZ an iwwer a seng eegen a senge Komeroden hir Erliefnesser geschriwwen.[8] An der Zäitschrëft Dachauer Hefte huet hien 1988 en Artikel iwwer d'Malaria-Versuchsstation am KZ Dachau publizéiert.[9]

Den Eugène Ost huet awer och medezinesch Fachartikelen am Bulletin vun der Société des sciences médicales publizéiert.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Betz, A., 1989. Le Laboratoire National de Santé. Bulletin de la Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg, N° jubilaire du 125e anniversaire, S. 77-80.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag, S. 653-1342.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 1913-05-23, S. 4 (Zivilstand der Stadt Luxemburg)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Kugener 2005, S. 1180.
  3. Luxemburger Wort 1940-04-19, S. 7 (Prüfungserfolge)
  4. Luxemburger Wort 1945-12-22, S. 5 (Prüfungserfolge)
  5. Betz 1989, S. 78.
  6. Escher Tageblatt 1945-06-02, S. 1 (Herzlicher Empfang der “Dachauer”).[1]
    Luxemburger Wort 1945-06-02, S. 2 (Die Dachauer glücklich daheim. Herzliche Empfänge in der Stadt Luxemburg und in den Heimatortschaften).[2]
  7. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 24 (1968 et 1969), Säit 10 (séance du 8 février 1968) a Säit 11 (séance du 4 avril 1968).
  8. Katalog vun der Nationalbibliothéik.
  9. Eugène Ost, 1988. Die Malaria-Versuchsstation im Konzentrationslager Dachau. Dachauer Hefte Nr. 4, S. 174-189.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Historique du Laboratoire national de santé.