Euphorbia canariensis

Vu Wikipedia
Euphorbia canariensis
Euphorbia canariensis op Teneriffa.
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Rosidae
Famill Euphorbiaceae
Ënnerfamill Euphorbioideae
Gattung Euphorbia
Aart Euphorbia canariensis
Wëssenschaftlechen Numm
Euphorbia canariensis
Linnaeus

Euphorbia canariensis ass eng subtropesch Sukkulenten-Aart aus der Gattung Euphorbia an der Famill vun den Euphorbiaceae. Si ass endeemesch op de Kanareschen Inselen, deenen hiert Symbol se mëttlerweil ass.

Si wiisst do op enger Héicht tëscht 50 m an 1100 m, a si verdréit Temperature bis zu -2 °C.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Euphorbia canariensis ass e klenge Bam, deen 3 bis 4 m héich ka ginn, an deen engem Kaktus gläicht. Seng Äscht, déi am Queeschschnëtt véier- bis sechseckeg sinn, wuessen op Buedemhéicht vum Stamm aus wéi e Kandelaber méi oder manner gläichméisseg héich an d'Luucht. D'Blieder stinn a Putsche vun dräi oder véier, a verwandele sech an Dären déi bis zu 1,5 cm laang ginn.

D'Bléien, déi roudelzeg sinn, komme vun Abrëll bis Juli.

Am Latex (wäisselzege Jus) vum Bam ass Diterpen, dee staark gëfteg ass.

Synonym[änneren | Quelltext änneren]

  • Tithymalus quadrangularis Kigg