Europäesch Hunnegbei
D'europäesch Hunnegbei ( Apis mellifera ), dacks einfach Hunnegbei oder Bei, gehéiert zu der Famill vun den Apidae, an dodran zu der Gattung vun den Hunnegbeien (Apis). Hiert ursprénglecht Verbreedungsgebitt war Europa, Afrika an dat Viischt Asien.
Well se Hunneg produzéiert, gëtt se vum Mënsch dofir gezillt (Beienzuucht) a s'ass, och well se Bléie bestëpst eent vun de wichtegsten Notzdéieren an der Landwirtschaft. Scho wärend der Kolonisatioun vun anere Kontinenter duerch d'Europäer gouf s'op der ganzer Welt verbreet. Wéi och e puer aner Beienenaarten ass d'Europäesch Hunnegbei e Fluchinsekt, dat an engem Vollek lieft.
An Asie gëtt et nach aacht aner Aarte vun der Gattung Hunnegbei. Et gëtt eng 25 Ënneraarten. ...