Europäesche Kéiseker

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Europäeschen Igel)
Europäesche Kéiseker
Jonken Europäesche Kéiseker

Jonken Europäesche Kéiseker
Jonken Europäesche Kéiseker
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Placentalia
Iwweruerdnung: Laurasiatheria
Uerdnung: Insektefrësser
Famill: Kéiseker
Ënnerfamill: Stachelkéiseker
Gattung: Kéiseker mat klengen Oueren
Wëssenschaftlechen Numm
Erinaceus europaeus
Linnaeus, 1857

Den Europäesche Kéiseker oder Europäeschen Igel (Erinaceus europaeus), och Westeuropäeschen Igel oder Westigel genannt, ass e Mamendéier aus der Famill vun den Igelen (Erinaceidae), bannent der Gattung Erinaceus. An Europa gëtt meescht, wa vun engem 'Igel' als Aart rieds ass, deen heite gemengt. En ass iwwer bal dee ganzen Europäesche Kontinent verspreet, an Ostmëttel- an Osteuropa an an Deeler vu Westasien ass et den Ostigel, deen allgemeng verbreet ass.

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

E Jonken, ca. 240 Gramm

En ausgewuessenen Europäeschen Igel gëtt vu Kapp bis Hënner 22 bis 30 Zentimeter laang, dobäi kënnt en 2 cm laange Schwanz. D'Gewiicht variéiert jee no Alter a Joreszäit. Wa se hir Fettreserve fir de Wanter uleeën, kënnen ausgewuessen Igele bis zu 1.500 Gramm weien. Am Fréijoer, wann d'Fettreserven nom Wanterschlof opgebraucht sinn, weie se just nach 350 Gramm.

Stachele vun no

Dat opfällegst um Europäeschen Igel si seng Stachelen, déi iwwer de ganze Kapp a Réck verdeelt sinn. Ausgewuessen Exemplairen hunn der 5.000 bis alt 7.500 Stéck. Dës sinn 20 bis 30 Millimeter laang an ee bis zwéi Millimeter déck. No engem bis annerhallwem Joer fale s'aus a gi mat neien ersat.

En huet kuerz Patten, woubäi déi hënnescht Been e bësse méi laang si wéi déi viischt. D'Féiss hu fënnef Zéiwe mat Krallen.

Den Igel gesäit net besonnesch gutt, ma dofir ass säi Gerochssënn gutt developpéiert, an en héiert och gutt.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Verbreedung an Europa

Den Europäeschen Igel wunnt a groussen Deeler vu West- a Mëtteleuropa. Vu Westpolen iwwer Éisträich bis bei d'Adria leeft eng breet Sträif, wou säi Liewensraum sech mat deem vum Ostigel iwwerschneit.

Habitat[änneren | Quelltext änneren]

E lieft um Flouer mat ofwiesslungsräicher Landschaft (Borde vu Felder, Wisen, Traisch, Bongerten, Gehëlz,...

Kascht[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptdeel vum Europäeschen Igel sengem Kascht sinn Insekten, (Kiewerleken, Oureschlëffer, Raupe vu Päiperleken, Dausendféissler a Reewierm. Schleke si méi seelen. Och Jonker vu klenge Mamendéieren, déi nach net séier lafe kënnen (Mais, Spëtzmais, Wullmais, Maulefen) gehéieren dozou, ausserdeem Vulleneeër a -jippelcher. Am Hierscht kommen heiansdo gefale Friichten dobäi.

An der Zäit gouf alt gemengt, Igele géifen nuets Mëllech aus de Mame vun de Kéi suckelen, dofir gouf en (a gëtt en) och Kéiseker genannt.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

Den Europäeschen Igel ass virun allem an der Schummerecht an Nuets (am fréien Owend, an dann nees no Hallefnuecht) aktiv. D'Revéier vu Männercher kënne bis zu engem Quadratkilometer grouss sinn, dat vun de Frächen ass just en Drëttel sou grouss. Ausser, wa se sech verkoppelen (tëscht Abrëll/Mee an August), sinn d'Igelen Eenzelgänger.

Fortplanzung[änneren | Quelltext änneren]

Kéiseker si vun Abrëll bis September fruchtbar. D'Geschlechtsdrüse vun de Männercher schwellen am Fréijoer un. Si gi méi grouss wéi bei all deenen anere Mamendéieren. Virun der Paarung muss dat männlecht Déier stonnelaang d'Weibchen ëmgaachelen a leeft déi ganzen Zäit ronderëm et. D'Verkoppelung ka bis zu enger Stonn daueren; se geschitt konventionell, andeem d'Männchen op d'Weibche klëmmt. Doduerch, datt et flaach läit, leien d'Stachele platt, an hënnere sou manner. Déi Jonk kommen dann tëscht Juni a September op d'Welt, am dacksten am August. Dat sinn an der Moyenne 4-5 Jonker an engem Worf. No knapps engem Mount kënnen déi Jonk selwer hiert Friesse sichen.

Zesummegerullten Igel

Déi bekanntst Charakteristik ass, sech bei Gefor zu enger Bull zesummerullen ze kënnen, soudatt de ganze Kierper duerch hir Stachele geschützt ass. Si hale vun Oktober oder November bis Abrëll (wann et iwwer 15 Grad waarm gëtt) Wanterschlof, deen awer ënnerbrach ka ginn. Dofir verkrauche se sech a Lafkéip. Hir Kierpertemperatur geet dobäi vu 36 Grad op 1 bis 8 Grad erof, an en otemt da just nach ee- bis zweemol an der Minutt, iwwerdeems d'Häerz fënnefmol an der Minutt schléit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Lohmann: Das praktische Igel-Buch. Verhalten, Nahrung, Krankheiten, Schutz, Hilfe, Pflege, Überwintern. BLV, München u. a. 2001, ISBN 3-405-16015-4.
  • Pat Morris: The New Hedgehog Book. New edition. Whittet, London 2006, ISBN 1-873580-71-1.
  • Monika Neumeier: Das Igel-Praxisbuch. Die richtige Pflege, Aufzucht und Unterbringung. Kosmos, Stuttgart 2001, ISBN 3-440-08954-1.
  • Monika Neumeier: Igel in unserem Garten. Franckh-Kosmos, Stuttgart 1996, ISBN 3-440-07050-6.
  • Hermann Holz, Jochen Niethammer: Erinacaeus europaeus – Braunbrustigel. In: Jochen Niethammer, Franz Krapp (Hrsg.): Handbuch der Säugetiere Europas. Band 3/1: Insektenfresser, Herrentiere. AULA-Verlag, Wiesbaden 1990, ISBN 3-89104-027-X, S. 26–49.
  • Nigel Reeve: Hedgehogs. Poyser, London 1994, ISBN 0-85661-081-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europäeschen Igel – Biller, Videoen oder Audiodateien