Faïencerie Dondelinger

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Faïencerie Dondelinger, 1910

D'Faïencerie Dondelinger war eng Faïencerie, déi am Familljebetrib zu Iechternach gefouert gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf 1797 vum Jean-Henri Dondelinger gegrënnt, an an de Gebaier vun der Abtei Iechternach amenagéiert, déi den Dondelinger gesteet hat, nodeem déi ënner dem Directoire verstaatlecht gi waren. Dobäi huet hie véier Brenniewen am Schëff vun der Kierch gebaut; ee Kierchtuerm gouf als Kamäin ëmfunktionéiert.[1] 1816, wéi den Dondelinger gestuerwen ass, hunn do 100 Leit geschafft. De Jean-Henri Dondelinger jun., säi Jong, huet du mat 29 Joer, d'Firma iwwerholl.[2] Deem säi Schwoer, de Jean-Gaspard Müller, huet him dobäi gehollef, mä geschwë sinn déi zwéi getrennt Weeër gaangen: Jiddereen huet zwéin Iewen als Ierwe kritt.[3]

Dem Müller seng Part[änneren | Quelltext änneren]

De Müller ass den 23. Abrëll 1836 gestuerwen. Doropshin huet de Jean-François Boch säin Deel vun der Fabréck, via d'Société d'Industrie luxembourgeoise opkaf. Hien huet nei Iewen installéiere gelooss, mä schonn 1843 war et eriwwer mat der Produktioun, déi net rentabel war. D'Société d'Industrie luxembourgeoise huet d'Manufaktur der Lëtzebuerger Regierung verkaaft, déi an de Gebaier eng Kasär amenagéiert huet, fir do de Jeeërbatailloun vum Lëtzebuergesche Bundeskontingent ënnerdaach ze bréngen.

Dem Dondelinger seng Part[änneren | Quelltext änneren]

Den Dondelinger sengersäits huet 1840 mat der Produktioun opgehalen. 1845 huet e säin Deel vun de Gebaier dem Clausener Drécker an Tapéitefabrikant Jacques Lamort verlount. 1850, wéi den Dondelinger jun. gestuerwen ass, huet de Lamort d'Faïencerie vu sengen Ierwen ofkaf. 1856 huet dem Lamort säi Jong Charles d'Nofolleg iwwerholl, an d'Joer drop zu Sierck-les-Bains eng weider Manufaktur opgemaach.

1862 gouf de Willibrordus-Bauveräin gegrënnt, dat, nodeems de Chouer vun der Basilika an ee Koup gefall war, a gefaart gouf, och de Rescht vun der Kierch géif zesummefalen. De Veräin huet Sue gesammelt, fir d'Kierch ze restauréieren. Iwwerdeems gouf d'Parzeläinsproduktioun an aner Deeler vun de Gebaier vum fréiere Klouschter verlagert. 1868 gouf déi nei opgeriicht Basilika ageweit.[4]

De Charles Lamort huet iwwerdeems 1862 zwéin nei Iewen am Gaart vum fréiere Klouschter opriichte gelooss. Zu där Zäit hunn 69 Aarbechter do geschafft. Wéi de Lamort vun Iechternach fortgeplënnert ass, huet de Jean-Henri Dondelinger III. d'Direktioun vun der Fabréck, déi säi Grousspapp gegrënnt hat, iwwerholl, an en drëtten Uewe bäibaue gelooss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michele Camillo Ferrari, Jean Schroeder, Henri Trauffler (Hrsg.): Die Abtei Echternach 698–1998 (= Publications du CLUDEM. 15). Centre Luxembourgeois de Documentation et d'Études Médiévales (CLUDEM), Luxembourg 1999, S. 307–334, ISBN 2-919979-12-4.
  • René Frisch: La faïencerie d'Echternach. In: Hamonie Echternach 1872–1972. Témoignages et Présences. Imprimerie Saint-Paul S.A., Luxembourg 1972, S. 158–165.
  • Auguste Neÿen: Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Band 3: Supplément. J. Joris, Luxembourg, 1876, S. 111, S. 490, XII, XXXI.
  • Frank Wilhelm: Faïences et porcelaines peintes d'Echternach. In: Hémecht. Bd. 40, Nr. 3, 1988, ISSN 0018-0270, S. 331–399.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Abtei Echternach" op industrie.lu.
  2. "Faïencerie Echternach" op industrie.lu
  3. Wilhelm: Faïences et porcelaines peintes d'Echternach. In: Hémecht. Bd. 40, Nr. 3, 1988, S. 331–399.
  4. "Gemeinde der St. Willibrord-Kirche" op willibrord.lu